Renée Wagener

Vu Wikipedia
Renée Wagener
D'Renée Wagener 2014
Gebuer 21. November 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Fernuniversität Hagen
Aktivitéit Politiker, Sozialwëssenschaftler, Journalist, Historiker, Soziolog, Universitéitsprofesser
Partei déi gréng

D'Renée Wagener, gebuer den 21. November 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sozialwëssenschaftlerin, Journalistin, Historikerin a fréier déi gréng-Politikerin. Si war vun 1991 bis 1994 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vun 1994 bis 2004 Deputéiert an der Chamber.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Si huet 1997, op der FernUniversität in Hagen an Däitschland, am Fach Sozialwëssenschaften eng Magisteraarbecht iwwer d'Geschicht vum Fraewalrecht zu Lëtzebuerg virgeluecht. 2017 huet si hir Promotiounsaarbecht Die jüdische Minderheit in Luxemburg und das Gleichheitsprinzip Staatsbürgerliche Emanzipation vs. staatliche und gesellschaftliche Praxis vom 19. bis zum Beginn des 21. Jahrhunderts vedeedegt.[1]

D'Renée Wagener schafft als Journalistin bei der woxx an als fräischaffend Wëssenschaftlerin fir d'Uni Lëtzebuerg an der Geschichtsfuerschung. D'Renée Wagener ass donieft och fräiberufflech als Publizistin, Moderatorin a Consultante aktiv. Si huet eng Rei Publikatiounen iwwer feministesch, sozialwëssenschaftlech an historesch Theme verëffentlecht.

Am November 2019 gouf si Member vum Verwaltungsrot vum Radio 100,7.[2]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Emanzipation und Antisemitismus, Die jüdische Minderheit in Luxemburg vom 19. bis zum beginnenden 21. Jahrhundert, Studien zum Antisemitismus in Europa 16, Metropol Friedrich Veitl-Verlag, 2022, 725 S.
  • Zwischen Anerkennung und Exklusion: Jüdische Emanzipation in Luxemburg und das décret infâme; In: Frishman, Judith / Fuchshuber, Thorsten / Wiese, Christian (Hg.): Samuel Hirsch, Religionsphilosoph, Emanzipationsverfechter und radikaler Reformer. Jüdische Identität im 19. Jahrhundert am Beispiel von Werk und Wirkung des ersten Oberrabbiners Luxemburgs, Berlin/New York, 2022, ORBilu
  • Die jüdische Minderheit in Luxemburg und das Gleichheitsprinzip Staatsbürgerliche Emanzipation vs. staatliche und gesellschaftliche Praxis vom 19. bis zum Beginn des 21. Jahrhunderts, Dissertation zur Erlangung des akademischen Grades einer Doktorin der Philosophie, 2017, Fakultät für Kultur- und Sozialwissenschaften der FernUniversität in Hagen, 997 S.
  • Die « Königsrose » und die « Revolutionäre ». Historische Darstellungen der Krise von 1918/1919, in : Hémecht, 69 (2017) Nr. 3-4, S. 47-59.
  • Endlich flatterte die Wäsche am Westwall. Der ehemalige Westwall aus der Luxemburger Perspektive, in: Naturschutz am ehemaligen Westwall. NS-Großanlagen im Diskurs, herausgegeben von Gesellschaft zur Föderung der Hochschule Geisenheim, S. 58-66. Geisenheimer Beiträge zur Kulturlandschaft 1. Geisenheim, 2016.
  • «Je ne peux trahir mon âme et ma vocation d'historienne» - Forschen und schreiben über eine geschichtsbewusste Politikerin (betrëfft d'Lydie Schmit); in: forum, Nr. 337 / Februar 2014; S. 30-32.
  • Méi Sozialismus!: Lydie Schmit und die LSAP 1970-1988 - Eine politische Biographie; Lëtzebuerg (Fondation Lydie Schmit), 2013. ISBN 978-2-919908-07-3
  • Familial Discussions in the Context of Memory Research on the Second World War. Expectations and Disappointments. In: Boesen, Elisabeth; Lentz, Fabienne; Margue, Michel; Scuto Denis; Wagener, Renée (ed.): Peripheral Memories. Public and private Forms of Experiencing and Narrating the Past. (Histoire.) Bielefeld, 2012, S. 69-94.
  • D'Lëtzebuerger Republik. Von Schande und Scheitern; in: Kmec, Sonja / Péporté, Pit (dir.), Lieux de mémoire au Luxembourg (2), Lëtzebuerg, 2012.
  • Man kann aber Antisemit und doch ein guter Katholik sein. Die Rezeption der Dreyfus-Affäre in Luxemburg; in: Judaica, 2012, Heft 3, S. 247-277
  • Bye bye, Siegfried. Der lange Abschied der Luxemburger Frauen vom Patriarchat; in: Not the girl you're looking for. Melusina rediscovered. Objekt + Subjekt Frau in der Kultur Luxemburgs. Lëtzebuerg, 2010, S. 212-238.
  • Das Rad gehört in die Zeit. Die Sozialgeschichte des Fahrrads in Luxemburg von 1914 bis 1945 im Spiegel von Zeitberichten; in: Mam Vêlo do. Eine Radtour durch die Luxemburger Zeitgeschichte. 25 Joer Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ. November 2010.
  • Kulturelle Identität braucht Demokratie: die Problematik des Denkmalschutzes in Luxemburg; en Dossier vum Mouvement écologique. - D'Recherche an d'Redaktioun vum Dossier, November 2006.
  • Marguerite Thomas-Clement, Sprecherin der Frauen: Die erste Luxemburger Abgeordnete; in: «Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen... »; Publications nationales, Lëtzebuerg, 1997.
  • Catherine Schleimer-Kill und die "Action féminine"; in: «Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen...»; Publications nationales, Lëtzebuerg, 1997.
  • Politische Partizipation von Frauen in Luxemburg seit 1919; Lëtzebuerg, erausgi vum Centre de documentation et d'information Thers Bodé a vum Ministère de la promotion féminine, 1998; 199 Säiten. ISBN 2-919876-16-3
  • Wie eine frühreife Frucht. Zur Geschichte des Frauenwahlrechts in Luxemburg; Lëtzebuerg, 1994.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Renée Wagener – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://ub-deposit.fernuni-hagen.de/receive/mir_mods_00001049
  2. Luxemburger Wort vum 29. November 2019, S. 10.
  3. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  4. cf Diskussiounssäit, confirméiert per E-mail.