Rendolepsis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen zum Film

Rendolepsis (Poster).jpg

Filmdaten
Originaltitel: Rendolepsis
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Produktiounsjoer: 2003
Dauer: 84 Minutten
Originalsprooch: Lëtzebuergesch
Equipe
Regie: Marc Barnig
Dréibuch: Marc Barnig,
Pierre Heinen
Kamera:
Musek: Morella's Sleep
Produzent: Koler Movies Lëtzebuerg
Haaptacteuren Vivi Giampaolo als Emma
Joëlle Kugener als Eva
Maus Meyer als Anna (al)
Filmportal - Film no Joren - Film no Länner

Rendolepsis ass e Lëtzebuerger Film vum Marc Barnig aus dem Joer 2003.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ëm wat geet et am Film?

D'Emma fënnt um Späicher e Schlëssel an en aalt Buch, an deems iwwer Rendolepsis riets geet. Well et der Bedeitung vun deem mysteriéise Wuert op de Fong wëll goen, mécht d'Emma sech zesumme mat senger Frëndin Eva op de Wee op Huelmes, wou et Indikatiounen aus dem Buch no eventuell méi gewuer kéint ginn. D'Awunner vun Huelmes behuelen sech zwar relativ gelungen, mee si hëllefen deenen zwéi Meedercher andeems se se bäi d'Anna schécken, déi déi eelste Fra aus dem Duerf ass. Déi mécht och den Androck, wéi wann se eppes mat deem geheimnisvolle Wuert Rendolepsis ufänke kéint, mee wéi se vum Schlëssel héiert, dréit se duerch a wëllt deen onbedingt u sech bréngen. D'Meedercher lafe séier fort a probéieren hiert Gléck am Schlass vum Duerf. Mee et gëtt ze séier däischter a se mussen zréck an d'Duerf, wou de Wiert se mat anerem Jonken zesummen an engem Gemeinschaftsraum schlofe léisst. Nuets ginn d'Meedercher wakreg a mierken, datt all déi aner aus dem Raum amgaang sinn, sech aus dem Stëbs ze maachen. Si ginn hinnen no, an d'Schlass erop, an e Raum...

Flashback en etlech Joer zréck an der Zäit. D'Geschicht vum Auteur vum geheimnisvolle Buch gëtt erzielt an et kënnt een esou op d'Spuer, wat Rendolepsis eigentlech ass a watfir Onheel doduerch scho passéiert ass.

An nach en Zäitspronk, déi Kéier erëm zréck bis bal un den Ufank vum Film. Déi ganz Geschicht gëtt nänker komplett en Detail gewisen, mee déi Kéier aus der Perspektiv vun den Awunner vun Huelmes, déi effektiv vill méi iwwert Rendolepsis wëssen, wéi se de Meedercher géinteniwwer zougi wollten. Zum Schluss fënnt och de Schlëssel säi Schlass, mat alle Konsequenze wat dat mat sech bréngt.

[änneren] Realisatioun

D'Geschicht u sech ass intressant an eenegermoosse spannend gestalt, wann ee vu laangotmege Momenter, besonnesch am Ufank a während dem ganzen zweeten Zäitspronk, emol ofgesäit. Dëse Film ass zwar eng kommerziell Produktioun, mee trotzdem vun Amateure mat ganz einfache Moyenen op d'Been gesat. Esou sinn z.B. vill Dialoger relativ steif, a mat Ausnam vun der Anna als al Fra sinn all d'Rolle vun den eeler Leit mat Jonktem an ale Kleeder besat. Et däerf een also definitiv net Hollywoodstandard erwaarden, mee dat schéngt de Groussdeel vum Public an de Kinossäll och net gemaach ze hunn, well do krut de Film deelweis ganz encourageant Echoen.

[änneren] DVD

De Film ass bei Koler Movies Lëtzebuerg op DVD erauskomm.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen