René Clair

Vu Wikipedia
René Clair
Gebuer 11. November 1898
Paräis
Gestuerwen 15. Mäerz 1981
Neuilly-sur-Seine
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent, Journalist, Schrëftsteller, Filmediteur, Filmschauspiller, Filmmécher, Regisseur
Member vun Académie française

De René Clair, gebuer den 11. November 1898 zu Paräis a gestuerwen de 15. Mäerz 1981 zu Neuilly-sur-Seine, war e franséische Regisseur a Schrëftsteller.

De Clair war de Jong vun engem Seefefabrikant. 1918 huet hien ugefaangen als Journalist ze schaffen. Vun 1922 un huet hie sech ëmmer méi vun der Film- an Theaterwelt ugezu gefillt, ufanks als Dréibuchauteur, méi spéit als Regisseur. 1924 huet hien de Ballett Relâche vum Eric Satie op de Champs-Élysées op d'Bün bruecht, méi spéit am Joer huet hie beim dadaistesche Kuerzfilm Entr’acte Regie gefouert, woumat en op ee Coup berüümt gouf. An den 1930er Joren huet de Clair sech international en Numm gemaach mat sengen avant-gardisteschen a kënschtleresch innovative Filmer, wourënner À nous la liberté (1930), Le Million (1931, e Musekfilm) a 14 juillet (1933). 1936-1937 huet hien zu London geschafft, an duerno nees bis de Juli 1940 a Frankräich. Nom däitschen Iwwerfall ass hien an d'USA emigréiert, wou en de Krich iwwer blouf an zu Hollywood 4 Filmer gedréint huet, déi Succès haten. Och no 1945 huet hien a Frankräich weider Filmer gemaach, wouvunner Les Grandes Manœuvres (1955) mat der Michèle Morgan, dem Gérard Philipe an der Brigitte Bardot international Erfolleg haten.

Vun den 1950er Joren un huet de Clair och Bicher geschriwwen (Essaien, Romaner an Novellen). 1960 gouf hien an d'Académie française opgeholl, als éischte Cinéast.

Zanter 1994 vergëtt d'Accadémie all Joer de Prix René Clair fir engem Cineast säi ganzt cinematograhescht Wierk auszezeechnen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Adams, Roman, 1926
  • Réflexion faite, Essays, 1951
  • La princesse de Chine, Novell, 1951
  • De fil en aiguille , Novell, 1951
  • Comédies et Commentaires, Essays, 1959
  • Cinéma d'hier, cinéma d'aujourd'hui, Essays, 1970
  • L'étrange ouvrage des cieux, Essays, 1972
  • Jeux du hasard, Roman, 1976

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]