Republik

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Allegorie vun der Republik zu Paräis (Place de la République)

Eng Republik (lat. res publica) ass eng Staatsform, bei där d'Muecht an den Hänn vun de Bierger läit, am Géigesaz zu der Monarchie an der Oligarchie, wou d'Muecht an den Hänn vun engem, oder enger klenger Grupp vu Leit ass.

D'Wuert kënnt vun den laténgesche Wierder res a publica. D'Wuert res kann ee mat Saach iwwersetzen an den Adjektiv publica mat publik, ëffentlech. Eng res publica ass also am éischte Sënn eng ëffentlech Saach.

Eng Republik' ass eng Staatsform, wou de Staatschef kee Monarch ass. D'laténgescht Wuert res publica suggeréiert datt de Staat vun der Bevëlkerung kontrolléiert gëtt. Eng Republik ass awer domat net ëmmer eng Demokratie. E Gouvernement mat republikanescher Staatsform kann och nëmmen eng limitéiert Demokratie beinhalten, wou d'Rechter nëmmen enger bestëmmter Grupp vu Leit virbehale sinn. An deem Fall kann eng Republik och diktatorial oder totalitär sinn. D'Konzept ass ausserdeem wäitleefeg genuch, datt och representativ Demokratie eng Republik ka sinn.

Historesche Sënn[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Léit um franséischen Haff (fr:Courtisan, de:Höfling) aus dem 18. Joerhonnert hu Gedichter geschriwwen, an deenen si déi gutt Gestioun vum der Republik duerch de Louis XIV. gelueft hunn. De Sënn war natierlech e ganz aneren, an dësem Kontext war d'Republik d'res publica, d'ëffentlech Saach.

Et goufen awer zu dëser Zäit och scho Republiken am haitege Sënn vum Wuert. D'klassesch Kultur war den Adelege vun dëser Zäit wäitleefeg bekannt, an all gebildete Mënsch hat scho vun der Réimescher Republik héieren, déi et virun de réimesche Keeser ginn hat. Leit déi vill gereest sinn, hunn och d'helvetesch Republik kannt, oder d'Republik vu Venedeg. An all dëse Regimer hunn ëmmer Wieler wann et noutwenneg war decidéiert, wiem si géifen d'Staatsgeschäfter an d'Hand leeën.

D'Republik an de klasseschen Texter an an der Renaissance[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert Republik kënnt aus de laténgesche Wierder res a publica - ëffentlech Saach. Dësen Numm haten d'Réimer hirer Konstitutioun ginn, nodeem si d'Kinneke verdriwwen haten. Si haten d'Wuert gréisstendeels aus dem griichesche politeia iwwerholl, d'ëffentlech Affären an enger Polis, engem Stadtstaat. Dräi Texter hunn déi verschidde Sënner vun dëse Begrëffer an d'Neizäit bruecht: Politeia vum Platon, Politike vum Aristoteles an De re publica vum Cicero. Fir d'Leit aus dem Mëttelalter war dem Cicero säin Text an Extraiten am Augustin senger Civitas dei ze fannen. Dem Aristoteles seng Texter waren nëmmen nach op Latäin ze fannen, déi aus dem arabeschen oder griicheschen iwwersat gi waren; vum Platon waren nëmme Fragmenter iwwreg. D'historesch Erfarung aus dem Mëttelalter war déi vun engem post-republikanesche Roum, engem ideale Räic, universell a monarchistesch. Sou hu Leit wéi den Thomas vun Aquin d'Tendenz gehat, eng res publica als e reglementéierten a monarchistesche Staat z'interpretéieren. Sou hu si och dacks vun der Res Publica Christiana geschriwwen. Am Géigesaz dozou huet sech an de Stied déi sech am Laf vum 12. Joerhonnert entwéckelt hunn, déi al Form vun der Res publica Romana breet gemaach, si hunn eng Republik als e Staat ouni Kinnek definéiert - ob elo aristokratesch oder demokratesch.

De mëttelalterleche Sënn huet sech gehalen, sou zum Beispill an de Six livres de la République vum Jean Bodin (1576), mä och d'humanistesch Definitioun vun engem fräie Staat oder Staat ouni Kinnek konnt een an de Schrëfte vum Bartolus vu Saxoferrato (De regimine civitatis, Perugia, ëm 1350), Coluccio Salutati (De tyranno, Florenz, 1400) a Leonardo Bruni (Laudatio fiorentinae urbis, 1403-04) fannen. Déi humanistesch Iddie goufe vum Machiavelli a sengem Discorsi sopra prima deca di Tito Livio nees opgegraff, an si hu virun allem an den amerikanesche Kolonien, Holland, an am Commonwealth Uklang fonnt.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Hautzedaags gëtt et vill Republiken an der ganzer Welt. Eng republikanesch Staatsform ka mat ville verschiddenen economeschen an demokratesche Systemer kombinéiert ginn. Hei sinn e puer Beispiller, fir verschidde republikanesch Staatsformen ze weisen:

  • D'Vereenegt Staaten an Däitschland si federal Republiken, déi duerch eng representativ Demokratie gouvernéiert ginn.
  • D'Schwäiz ass eng Federatioun vu Staaten (Kantonen) déi duerch eng Mëschung aus direkter a representativer Demokratie gouvernéiert gëtt.
  • Russland ass eng Federatioun vu semi-autonome Republiken (Staaten) a Provënzen déi direkt dirigéiert ginn.
  • Den Iran ass eng theokratesch Republik.

Lëscht vun demokratesche Republiken[änneren | Quelltext änneren]

Dës Lëscht ass eng Opstellung vun den demokratesche Republiken déi et hautdesdaags gëtt.

Republiken déi sech nëmmen demokratesch nennen awer a Wierklechkeet net den Exigeance vun enger Demokratie gerecht ginn, sinn net hei opgefouert, mä an enger Extralëscht.

Bei deene mat Stärercher (*) gezeechente Staaten ass den demokratesche Status wéinst rezenten Evenementer zweiwelhaft.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Régis Debray, La République expliquée à ma fille, Le Seuil, 1998. (ISBN 2-02-034714-8)
  • Jean-Michel Ducomte, La République, Les Essentiels, Mailand, 2002.
  • Serge Bernstein an Odile Rudelle (Ersg.), Le modèle républicain, PUF, 1992.
  • Blandine Kriegel, Philosophie de la République, Plon, 1999.
  • Claude Nicolet, L'idée républicaine en France, Gallimard, 1982.
  • Hugue Jallon a Pierre Monier, Les enragés de la République, La Découverte, 1999.
  • Frédéric Monera, L'idée de République et la jurisprudence du Conseil constitutionnel, L.G.D.J., Paräis, 2004. [1]-[2];
  • William R. Everdell, La fin des rois: Histoire des républiques et des républicains, Éd. Publisud, Paräis, 1987.
  • Philip Pettit, Republicanism. A Theory of Freedom and Government, Oxford University Press, 1997.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]