Resistenz zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Passeur-Monument zu Déifferdeng
Monument Bunker Hondsbëch
Fluchziedel vun der Resistenz
Anere Fluchziedel vun der Resistenz
Nach ee Fluchziedel vun der Resistenz
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

Wéi Lëtzebuerg am Joer 1940 vun Nazi-Däitschland besat an de facto annektéiert gouf, huet d'Nationalbewosstsinn lues a lues ugefaangen z'erwächen. Vun 1941 un hu sech déi éischt Resistenzlergruppen, wéi de Letzeburger Ro'de Lé'w oder d'PI-Men forméiert. Am Ënnergrond hu se heemlech géint déi däitsch Besatzung geschafft, politesch Flüchtlingen a sougenannt "Wehrdienstverweigerer" iwwer d'Grenz bruecht an d'Lëtzebuerger Bevëlkerung mat patriotesche Fluchziedelen op deenen dacks de "Roude Léiw" oder d'Groussherzogin Charlotte ze gesi waren, opgemontert fir duerchzehalen.

Wéi an den Nopeschlänner och, waren d'Originnen, zemools déi ideologesch, vun deene verschiddene Resistenzler a Resistenzgruppen, ganz ënnerschiddlech: se gounge vun deenen, déi d'Nazi-Ideologie u sech bekämpfenswäert fonnt hunn, bis zu deenen, bei deenen d'Fräiheet vum Land an éischter Linn stoung. Sou huet hiert politescht Spektrum dann och vun chrëschtlech-patriotesche Stréimungen bis hin zu de Kommuniste gereecht.

Lëtzebuerger Resistenzgruppen[änneren | Quelltext änneren]

Chrëschtlech, fräiheetlech a patriotesch Gruppen (NS-Bezeechnung: "Reaktion"):

Unio'n vun de Lëtzebuerger Fräiheetsorganisatiounen (Unio'n), 1944:

Lëtzeburger Patriote Liga (LPL), 1940

Lëtzebuerger Legio'n (LL), 1940 => Letzeburger Volleks-Legio'n (LVL), 1941

Trei Lëtzeburger Studenten (TLS), 1941

Lëtzebuerger ScoutenLëtzeburger Freihéts-Kämpfer (LFK), 1940

Lëtzeburger Ro'de Lé'w, 1941

Lëtzeburger Freihéts-BondLëtzeburger Freihéts-Bewegong (LFB), 1940

Patriotes Indépendants ("PI-Men"), 1940

Kommunistesch an international-sozialistesch Gruppen (NS-Bezeechnung: "Rotfront"):

Aktiv Letzeburger Enhétsfront ge'nt de Faschismus (ALEF), 1940

Alweraje, 1941

Sabotage[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wirtschaftssabotage zu Lëtzebuerg (Zweete Weltkrich).

Militäresch Sabotage war zu Lëtzebuerg heefeg, konnt awer net, aus strukturellen Ursaachen (keng Kuelegrouwen, keng cheemesch Industrien; méi staarken Encadrement duerch Beamten aus dem Reich), déi Dimensiounen unhuele wéi op anere Plazen.

Wirtschaftssabotage gouf iwwerall praktizéiert a si huet déi verschiddenst Formen ugeholl. Dacks goufen Dréit ofgepëtzt oder aner Tricke gedréit, wat zu Repressaille gefouert huet. D'Wirtschaftssabotage hat en eegenen, typesch lëtzebuergesche Charakter.

Lëtzebuerger Resistenzler (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Lucien Blau: La résistance au Grand-Duché de Luxembourg (1940-1945): Sociologie, idéologie et programmes. Mémoire de maîtrise, Université de Metz, 1984.
  • Daniel Bousser: La Résistance au Grand-Duché de Luxembourg pendant la Deuxième Guerre mondiale. L'Union des mouvements de résistance luxembourgeoise. Mémoire de licence, Section Histoire Contemporaine, Université Libre de Bruxelles, 2004.
  • Paul Weber, Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, Victor Buck, 1948, 159 S.
  • Serge Hoffmann, Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Roger Hilbert, "Resistenzbilder" in: De Mierscher Gemengebuet, Miersch, Nr. 70 (Mäerz 2005), S. 39-44, ill.
  • Marc Schoentgen, „Die Resistenzorganisationen in Luxemburg nach dem 2. Weltkrieg“, in: Les courants politiques et la Résistance: Continuités ou ruptures?, Luxemburg, 2003, S. 519-551.
  • Jules Stoffels, Petite histoire de l'activité des résistants luxembourgeois engagés dans les réseaux et les maquis de la France combattante, Association des anciens combattants volontaires luxembourgeois de la Résistance française, Imp. Centrale, Lëtzebuerg, 2006- 141 Säiten: ill. ; 26 cm. (ISBN 2-87996-760-0)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.