Resistenzmonument um Cau de Berson

Vu Wikipedia
Resistentmonument um Cau de Berson

D'Resistenzmonument um Cau de Berson op der Kräizung vun der D137 an engem Wee deen op Les Hivers féiert, erënnert un eng Kricherei tëscht der Resistenzgrupp Corps franc Marc an der Wehrmacht den 19. August 1944. Et war warscheinlech déi eenzeg grouss Schéisserei déi d'Resistenz an der Gironde mat Erfolleg zu Enn gefouert hat.

D'Attack op en däitsche Materialconvoi war am Ufank zu Magrigne virgesinn, gouf awer aus Sécherheetsgrënn op de Lieu-dit Cau an der Gemeng Berson verluecht. Bei der Schéisserei gouf et 42 Doudeger an 8 Gefaangen op der däitscher Säit, a véier Resistenzler goufe schwéier blesséiert.

D'Monument gouf siechzeg Joer duerno opgeriicht an um 19. August 2004 ageweit.