Restaurantsvoiture

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ÖBB Restaurantsvoiture.

Eng Restaurantsvoiture, och Wagon-restaurant genannt, ass eng Eisebunnsvoiture mat enger Kichen an an där Restauratioun bedriwwe gëtt.

Déi éischt Restaurantsvoiture ass 1868 bei der Chicago & Dalton Railroad zu Chicago an den USA gefuer.

Déi éischt europäesch Restaurantsvoiture ass den 1. November 1879 bei der Great Northern Railway tëscht London a Leeds agesat ginn.

Et fënnt ee Restaurantsvoiturë meeschtens op Zich déi op hirem Trajet wäit Strecken zeréckleeën.

[änneren] Typen

Déi klassesch Restaurantsvoiture huet, genee wéi e Restaurant, eng Kaart vun där sech d'Clientë kënnen e Plat bestellen. Am Géigesaz dozou ginn et eng Rei aner Forme vun Restauratiounen.

  • Buffetsvoituren offréieren eng Villzuel vu Plate vun deenen sech d'Clienten zerwéiere kënnen.
  • Bistrosvoiturë si Voiturë déi nëmme kleng Restauratioun an Snacks offréiren.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen