Retinne

Vu Wikipedia
Fréiert Gemengenhaus vu Retinne
D'Kierch vu Retinne vum Hasard aus gesinn

Retinne op Wallounesch Ritene ass eng Sektioun an der belscher Gemeng Fléron an der Provënz Léck. Retinne läit um westlechen Ausleefer vum Plateau de Herve.

D'Baach Julienne huet hir Quell zu Retinne, net wäit ewech vun der Parkierch déi der helleger Julienne geweit ass.

Bis zur belscher Gemengereform am Joer 1977 war Retinne eng eegestänneg Gemeng.

Retinne ass vu wäitem ze lokaliséieren duerch säi kënschtlechen Hausbierg, den 90 Meter héijen Terril du Hasard, e kegelfërmegen Tipp vun Afraumgesténgs, deen aus der Zäit vun der Kuelenexploitatioun Rescht blouf.

Am Éischte Weltkrich haten Zaldote vun der däitscher keeserlecher Arméi aus dem 27. IR an dem 165. IR bei der Invasioun, zu Retinne 18 Haiser zerstéiert, a 40 Zivilleit massakréiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Sainte-Julienne eng kleng neigotesch Kierch vun 1851. D'Pläng vun der Kierch ware vum Architekt Tilman-François Suys. Zanter dem 13. Februar 2001 steet d'Kierch mat dem Interieur (Miwwel an Dekoratiounen) op der Lëscht vun de geschützte Monumenter a Wallounien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Retinne – Biller, Videoen oder Audiodateien