Retrato de família (Film 1991)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Retrato de familia (1991))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film Retrato de familia vun 1991. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Retrato de familia.
Retrato de família
Film
Produktiounsland Portugal
Lëtzebuerg
Spuenien
Première 1991
Dauer 102 min
Faarf Faarweg
Format 1,66:1
Originalsprooch Portugisesch
Ekipp
Regie Luís Galvão Teles
Dréibuch Jean-Louis Comolli, Antoine Lacombiere, Luís Galvão Teles, Carlos Saboga, no engem Roman vum Mário de Sá-Carneiro
Fotografie Manuel Costa e Silva
Musek Alejandro Massó
Schnëtt Iván Aledo
Produzent Ángel Amigo, Alfredo Matas, Tino Navarro, José Antonio Sáinz de Vicuña, Paul Thiltges
Produktiouns-
gesellschaft
GN Filmes (PT), RTP - Radiotelevisao Portuguesa (PT), Koproduzenten: Samsa Distribution, Igeldo Zine Produkziok (ES), Impala (ES), Jet Films (ES)
Schauspiller
Joaquim de Almeida als Miguel Montenegro
Maria de Medeiros als Ofelia
Paola Dominguín als Lea
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Retrato de família ass e Spillfilm vum Luís Galvão Teles aus dem Joer 1991. Et ass eng portugisesch-lëtzebuergesch-spuenesch Koproduktioun.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Miguel huet d'Lea gär, mee déi ze grouss Léift vum Fotograf mécht der jonker Fra Angscht. An der kuerzer Zäit, an där si zesumme si, maache si e Kand, d'Ofelia. Nom Doud vum Lea gëtt de Miguel iwwer d'Existenz vun deem Meedche gefuer, an hien entféiert an erzitt et. Wéi hatt erwuessen ass, versteet d'Ofelia, datt säi Papp net hatt selwer esou leidenschaftlech gär huet, mä probéiert am Ofelia seng Mamm erëmzefannen.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Regisseur Luís Galvão Teles koum schonn 1986 op Lëtzebuerg, fir do als Jurist um Europäesche Geriichtshaff ze schaffen. Fir Retrato de família huet hie mat portugiseschen, spueneschen an der lëtzebuergescher Filmproduktiounsgesellschaft Samsa Distributions zesummegeschafft, fir de Film ze maachen. Fir d'Filmproduktioun krut Samsa Distributions 1990 e Subside vun 2.500.000 Lëtzebuerger Frang vum deemools neigegrënnte Lëtzebuerger Filmfong.[1]

De Film gouf deelweis zu Lëtzebuerg gedréint,[2] mee och ënner anerem um Fluchhafe vu Lissabon.

Accueil[änneren | Quelltext änneren]

De Schauspiller Joaquim de Almeida krut fir seng Roll als Miguel de Präis vum beschte Schauspiller um Internationale Filmfestival vu Kairo. De Film selwer gouf um Filmfestival am franséische Saint-Germain-en-Laye mam Publikumspräis ausgezeechent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 1990, Säit 68
  2. wort.lu: Galvão Teles. “O primeiro filme feito no Luxemburgo deixou-me uma mossa na cabeça” vum Vanessa Castanheira (15. November 2019)