Rettel

Vu Wikipedia
Rettel

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Diddenuewen
Kanton Bouzonville
Koordinaten 49° 26’ 37’’ N
      06° 19’ 43’’ O
Fläch  689 ha
Bevëlkerung  684 (1999)

Rettel ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle.

D'Uertschaft läit um rietse Museluwänner an engem grousse Meander sou datt s'am Norden, Osten a Weste ganz vum Floss ëmginn ass. D'Heicht bei der Musel ass 145 Meter an déi héchst Plaz ass an de Bëschkoppen am Nordosten op der Grenz mat der Gemeng Kerling op 315 Meter.

Si huet iwwer e puer Stroossen Uschloss un de Verkéier, déi selwer all mat der Nationale 153 vebonne sinn an iwwer d'Departementale D61 déi iwwer d'Muselbréck op Contz féiert. D'Uertschaft gëtt vun der Eisebunnsstreck Tréier -Metz praktesch an der Mëtt gespléckt.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch St. Laurent
  • D' Maison de la Dime
  • De loutrengeschen Eisebunneschmusée
  • D'Reschter vum Kartaiserklouschter Hl. Sixtus II.
  • De Pällembësch bei Rettel

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]