Return to Castle Wolfenstein

Vu Wikipedia
Cover vum Spill

Return to Castle Wolfenstein (ofgekierzt RtCW) ass en Ego-Shooter vun id Software, deen op der Quake-3-Engine baséiert. En ass 2001 op de Maart komm a gëllt als Remake vun engem vun deenen éischten Ego-Shooter, Wolfenstein 3D, och wann déi graphesch Fortschrëtter an déi haaptsächlech op anere Plaze wéi dem Schlass selwer lokaliséiert Geschicht just nach ganz wäitleefeg un d'Original erënneren.

D'Spill ass an der Zäit vum Zweete Weltkrich ugesidelt, mä et fëscht och ganz staark am surreale Rayon. Den alliéierten Agent B.J. Blazkowicz gouf mam Agent One an Däitschland geschéckt fir Rumeuren nozegoen iwwer e perséinleche Projet vum Heinrich Himmler, der SS Paranormal Divisioun, déi anscheinend Recherchen iwwer d'Operstoe vun Doudeger mécht, biotechnesch verännert Iwwerzaldoten a geheim Superwaffen. Déi zwéin Agente ginn awer erwëscht an am Schlass Wolfenstein gefaange gehalen. De Spiller iwwerhëlt d'Roll vum Blaskowicz a muss kucke fir aus dem Schlass z'entwëschen an da seng Missioun zu Enn ze bréngen. Um Wee vu Level zu Level begéint een Nazien, Zombien a Mutanten a sou verschiddenen Dekore wéi Norwegen, enger mysteriéiser Kierch, enger Stealth-Missoun, engem Duerf mat Resistenzler, de geheime Laboe vun der SS Paranormal Divisioun, etc., bis datt een zum Schluss virum ondoudege Sachseprënz Heinrich I. steet, der gréisster Gefor fir d'fräit Europa...

An Däitschland huet d'Spill Kultstatus erreecht, wuel wéinst den op Europäer karikaturhaft wierkende Protagonisten an der Handlung op vëlleg onrealistesche Plazen, mä sécher och duerch de Reiz vum Verbuedenen: déi englesch Originalversioun ass an Däitschland wéinst den Nazisymboler verbueden an déi däitsch entschärfte Versioun steet um Index (zu Lëtzebuerg gëtt et wéi an deene meeschte Länner keen sou e Verbuet).

Nieft der Singleplayer Campaign huet d'Spill och nach e Multiplayer Modus, wou verschidde Charaktere mat ënnerschiddleche Fäegkeeten (Lieutenant, Medic, Engineer an Zaldot) zesumme musse schaffe fir ze gewannen (Fändele rafen oder Objeten dynamitéieren). Et gëtt eng Hellewull vu Kaarten, déi ee sech och selwer programméieren an op e Server eropluede kann.

Eng komplementär Singleplayer Campaign ass Return to Castle Wolfenstein: Diversant (éischter rar ze fannen) an als Nofollger vum Multiplayer Modus gëtt et gratis fir erofzelueden Wolfenstein: Enemy Territory (staark verännert Konzept, och wann d'Iddi vum Team erhale blouf).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]