Revue (Zäitschrëft)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Entête vun der Revue

Revue ass den Numm vun enger Lëtzebuerger Zäitschrëft, déi den 1. September 1945 ënnert dem Titel Revue. Letzeburger Illustre'ert erauskoum.

Fir d'éischt koum d'Revue all 14 Deeg eraus, vun 1949 un all Woch. Gegrënnt gouf se vum Émile Probst deen se awer no 2 Joer un de Verlag Bourg-Bourger verkaaft huet.

Den Erfolleg an de foffzeger Joren hat d'Revue engem Abonnementsystem ze verdanken, dat am Ländche komplett nei war. Wann een d'Revue abonnéiert huet, konnt een automatesch a gratis vun enger Liewensversécherung profitéieren déi den Iwwerliewenden, am Fall vu sengem Doud, 10.000 Frang ausbezuelt huet. Och d'Säite mat den Houchzäitskoppelen hu vill Lieser bei der Staang gehalen. Ausserdeem hat d'Revue scho fréi eng Comic-Säit, déi vum Gab Weis gezeechent gouf. Mil's Abenteuer hu jorelaang d'Jugend an Otem gehalen. Nach haut profitéiert d'Revue vun hire Comic-Säite vum Superjhemp, gezeechent vum Roger Leiner mat Blose vum Lucien Czuga. Och ville Concoursen huet d'Zäitschrëft hire joerzéngtelaange Succès ze verdanken, déi eréischt duerch den Télécran 1978 eng staark Konkurrenz krut.

D' Revue huet sech am Ufank als Familljemagazin verstanen, dat sech duerch e méi moderne Look an d'Auswiel vun den Themen vun de Publikatiounen aus dem St.-Paulus-Verlag ofzehiewen wousst. Am Laf vun der Zäit huet se sech och, mol méi, mol manner, gesellschaftpoliteschen Themen ugeholl. Zënter dem Enn vun den 1960er Joren huet d'Revue eng Bäiluecht mat den Televisiounsprogrammer, déi zu Lëtzebuerg z'emfänke sinn an déi haut den titel TéléRevue huet.

Entête vun der TéléRevue

Inhaltsverzeechnes

D'Revue haut [änneren]

D'Revue gëtt haut vun Éditions Revue s.a. erausginn, a gehéiert zënter 2000 zu der Editpress. Den Direkter Guy Ludig gouf no 21 Joer, am Juli 2008 vum Gaston Zangerlé ofgeléist, dee Sous-Direkter bei Saint-Paul Luxembourg war, an de Guy Ludig gëtt Beroder bei Editpress.

Chefredakter ass zënter dem 1. Januar 2010 de Laurent Graaff. Hien ass de Nofolger vum Claude Wolf.[1]

Zuelen [änneren]

Räichwäit [änneren]

2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 23,80 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch d' Revue gelies. 2006/2007 waren dat der 23,00%; 2007/2008 22,20% an 2008/2009 21,50%.[2] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[3] 2011 waren et 20,60  %[4]

Pressehëllef [änneren]

2011 huet d' Revue 336 972 € staatlech Pressehëllef kritt.[5]

Oplo [änneren]

Verkaaften Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel beglaubegt gouf:[6]

uganks 2000 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009000 0004. Tr. 2009000 0002. Tr. 2010000 0003. Tr. 2010000
25.160 ... 19.440 19.375 20.722 18.352 18.735

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. "Laurent Graaff wird neuer Chefredakteur der Revue." wort.lu, 23.12.2009 09:21.
  2. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
  3. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  4. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  5. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.
  6. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäiluecht Communication, S. 10; dees.: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäiluecht Communication, S.8.