Rhäinesche Landesmusée Tréier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Rhäinesche Landesmusée ass de gréissten a bekanntste Musée vun der Stad Tréier. Mat senge Objeten aus virgeschichtlecher, réimescher a fréichrëschtlecher Zäit zielt de Musée zu de wichtegsten däitsche Muséeën, déi aus den éischte véier Joerhonnerten no Christus ënnerriichten.

De Rheinesche Landesmusée

De gréissten Deel vun de Bestänn staamt aus der réimescher Epoch an ass eenzegaarteg. Besonnesch bewonnerungswäert sinn den Original vum Neumagener Wäischëff, eng Kopie vun der Igeler Sail an de Goldschatz mat 2528 réimesche Goldmënzen, dee bei Bauaarbechten den 9. September 1993 vun engem Bagger ausgegruewe gouf.

De Musée huet, an Zesummenaarbecht mat der Stad Tréier an dem Bistum Tréier, un der grousser Konstantin-Ausstellung matgeschafft, déi am Juni 2007 am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Lëtzebuerg opgaangen ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rheinisches Landesmuseum Trier – Biller, Videoen oder Audiodateien