Ri Jean-Jean

Vu Wikipedia
De Ri Jean-Jean zu Lamontzée

De Ri Jean-Jean ass eng belsch Baach an der Gemeng Burdinne an der Provënz Léck.

Si huet hir Quell op enger Héicht vun 195 Meter ëstlech vu Waret-l'Évêque.

Vun do aus leeft se no Norden, duerch eng Griecht am Bois des Bachets, laanscht d'Schlass mat dem Numm Château de Rochée, deem seng Weiere se fiddert, fir no engem Laf vu ronn 3 km zu Lamontzée an d'Burdinale ze lafen.