Richard Hengst

Vu Wikipedia
Richard Hengst
Gebuer 2. Januar 1903
Dortmund
Gestuerwen 1982
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker
Partei NSDAP
Member vun Sturmabteilung


De Richard Hengst vu Koethen (Saxen-Anhalt), gebuer 1903 a gestuerwen 1982,[1] war en däitschen NSDAP-Politiker a Jurist.

Hien ass 1932 der NSDAP beigetrueden an 1933 der SA.[1]

An der Zäit vun der Nazibesatzung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gouf hien 1940 Stadtkommissar vun der Stad Lëtzebuerg.

Den 1. Dezember 1940 gouf en zum Oberbürgermeister der Stadt Luxemburg ernannt. Mä schonn am Juli 1943, huet hien, zesumme mat sengem Adjoint Wegener, misse seng Plaz raumen, well se Liewensmëttel, déi rationéiert waren, fir sech ofgezweigt haten. Hie soll och staark Meenungsverschiddenheete mam Gauleiter Gustav Simon gehat hunn.

Säin Nofollger als Buergermeeschter gouf den Oberbürgermeister vun Tréier, Konrad Gorges.

Den Hengst gouf duerno kommissäresche Buergermeeschter vum Stadtkreis Liegnitz[2] a koum dunn a Russland a Krichsgefaangeschaft.

1945 gouf en op Lëtzebuerg an de Prisong am Gronn bruecht. Well d'Stad Lëtzebuerg keng Plainte géint hie gemaach hat, ass him kee Prozess gemaach ginn.

Hie gouf fräigelooss a goung hannescht an Däitschland, wou e Carrière als Jurist gemaach huet.

Source[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Beck: "L'administration communale: De l'organisation luxembourgeoise au régime nazi". In: ons stad 79, S. 22 + 24.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Säit 572 in Die Verfolgung und Ermordung der europäischen Juden durch das nationalsozialistische Deutschland 1933-1945: West- und Nordeuropa 1940 - Juni 1942; Oldenbourg Wissenschaftsverlag, 2012 ISBN 978-3-486-58682-4
  2. http://www.territorial.de/ndschles/liegnitz/liegstkr.htm