Richard Anthony Proctor

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Richard Anthony Proctor
Marskaart

De Richard Anthony Proctor, gebuer den 23. Mäerz 1837 zu Chelsea, gestuerwen den 12. September 1888 zu New York City, war en engleschen Astronom an Auteur vu populärwëssenschaftleche Wierker. Hien huet eng vun deenen éischte Kaarte vum Planéit Mars opgezeechent.

De Proctor war e kränklecht Kand. Wéi säi Papp am Joer 1850 gestuerwe war, huet seng Mamm doheem mat him studéiert. Säi Gesondheetszoustand huet sech am Laf vun de Jore verbessert an hie konnt de Kings College zu London a spéider den St John’s College besichen. Hien huet duerno op der Universitéit Cambridge studéiert, wou hien 1860 graduéiert huet. Scho während sengem Studium huet hie sech bestuet a gouf Papp vun engem Meedchen.

De Proctor huet sech staark un der Astronomie engagéiert an huet schonn 1865 am „Cornhill Magazine“ een Artikel iwwer d'Faarwe vun Duebelstäre publizéiert. Am selwechte Joer kënnt säin éischt Buch Saturn and its System eraus, dat hie selwer finanzéiert huet. Obschonn dat ëmfangräicht Wierk bei den Astronomen groussen Uklang fonnt huet, gouf et net dacks verkaaft. Et sinn Ofhandlungen iwwer de Mars, Jupiter, Sonn, Äerdmound, Koméiten, Meteoren, Stären an niwweleg Objeten nokomm.

Mat senger schrëftstellerescher Aarbecht huet de Proctor seng Famill bekäschtegt. Well seng, wëssenschaftlech Wierker, kee groussen Ofsaz fonnt hunn, huet hie sech e populäre Schreiwstil ugeeegent. Hien huet fir verschidde Magaziner geschriwwen an domat e grouse Bekanntheetsgrad kritt. Eng grouss Lieserschaft gouf duerch seng Artikele mat de Grondlage vun der Astronomie vertraut gemaach.

Säin Handbuch Handbook of the Stars vun 1866 gouf allerdéngs vun den Editeuren ofgeleent. De Proctor huet dann och dëst Buch selwer drécke gelooss; an et huet sech ganz gutt verkaaft. Fir säin Half-Hours with the Telescope (1868), dat 20 Oploen erreecht hat, krut hie vum Verlag nëmme £25. Fir säi Gehalt opzebesseren huet de Proctor zäitweis Mathematik geléiert.

Säi literareschen Image huet weider zougeholl. Regelméisseg huet hie fir The Intellectual Observer, Chambers Journal an Popular Science Review geschriwwen. 1870 koum säin Other Worlds than Ours eraus, an deem hien d'Méiglechkeet vun anere bewunnte Welte beschriwwen huet.

1881 huet hien dat allgemengwëssenschaftlecht Magazin Knowledge gegrënnt, dat am Ufank all Woch, vun 1885 all Mount erauskoum. Hien huet och Bäiträg fir American Cyclopaedia an d'Encyclopædia Britannica geschriwwen.

1866 gouf hien als Member an d'Royal Astronomical Society opgeholl.

De Proctor huet sech och mat der Verdeelung vun de Stären, Stärekéip an Niwwelen, souwéi dem Opbau vum Universum beschäftegt. Hie gouf en Expert bei der Opstellung vu Kaarten an huet zwéi Stärenatlanten eraus ginn. Eng Kaart, déi all d'Stäre vun der Bonner Duerchmusterung (bis zu der 10. Gréissteklass) weist, présentéiert d'Verdeelung vun de Stären um nërdlechen Himmel.

De Proctor huet och eng Auswäertung vun den ale Marszeechnunge gemaach. Fir d'Rotatiounsdauer ze bestëmmen ass hie bis an d'Joer 1666 zréckgangen. 1873 huet hien e Marsdag mat 24h 37m 22,713s uginn – dëst stëmmt zimlech genee mat dem haitege Wäert vun 24h 37m 22,663s iwwereneen.

Hien huet eng Marskaart zesummegestallt, wou hie sech op 27 Zeechnunge vum Astronom William Rutter Dawes gestäipt huet. D'Kaart gouf spéider vu Wierker vum Giovanni Schiaparelli an Eugène Michel Antoniadi verdrängt an d'Bezeechnunge vum Proctor goufen net iwwerholl (z. B. ass säi Kaiser Sea, deen hien no dem Astronom Frederik Kaiser genannt hat, haut als Grouss Syrte bekannt).

1881 huet sech de Proctor fir d'zweet bestuet an ass an d'USA ëmgesidelt. Am Joer 1888 ass hien zu New York gestuerwen. Säin ëmfangräicht Wierk Old and New Astronomy konnt hien net méi fäerdeg kréien. Dat huet den A. Cowper Ranyard iwwerholl an am Joer 1892 publizéiert. Säi Meedchen d'Mary Proctor, gouf Astronomin an eng erfollegräich Schrëftstellerin.

Zu Éiere krut en Impaktkrater um Mars säin Numm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Richard Anthony Proctor – Biller, Videoen oder Audiodateien