Richebourg (Wäin)

Vu Wikipedia

Richebourg ass eng Grand-Cru-Lag an der Bourgogne an der Gemeng Vosne-Romanée an der Côte d'Or. D'Wäilag selwer gehéiert zum Ubaugebitt Côte de Nuits

De Wéngert gouf schonn am Mëttelalter vun Zisterzienser-Pateren ugeluecht. De Richebourg gehéiert zu de beschte Wäiner aus der Bourgogne.

Richebourg ass eng vun am Ganze sechs Grand-Cru-Lagen an der Gemeng a besteet aus zwéi Lieu-diten, Les Veroilles an Les Richebourgs. D'Ubaufläch vun dësem Wäin ass 8,03 ha grouss, bei engem Duerchschnëttserdrag vun 220 hl, dat ass e Rendement vun 35hl/ha. Den Alkoholgehalt läit tëscht 11,5° a maximal 14,5° Vol. Ugebaut gëtt nëmme Pinot Noir.

Produzenten: Domaine de la Romanée-Conti, Jean Grivot, Anne Gros, Domaine Leroy, Méo-Camuzet, Mongeard-Mugneret.