Richtungsmiessung

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Richtungsmiessung ass eng grondleeënd Aarbecht vun der Geodesie, Geometrie, Navigatioun an aner Gebidder vun der Technik. Si bedeit d'Wénkelmiessung fir d’Bestëmmung horizontaler Wénkel, orientéiert Moossstrale oder Richtung an engem Bezuchssystem.

Richtunge an Distanze sinn déi wichtegst Moossdaten fir d'Ortung vun Gefierer a fir d'Bestëmmung vu Punkte an engem Koordinatensystem.

[änneren] Bezuchsrichtunge

Richtungsmiessunge brauchen eng Bezuchsrichtung, déi der blousser Wénkelmiessung eng Orientéierung gëtt. Dës Bezuchsrichtunge kënnen absolut sinn (Nr. 1–5) oder relativ (6–8):

  1. geographesch Nord = „astronomesch Nord“: déi horizontal Richtung, déi zum Nordpol féiert. D'Resultat vun enger op Nord bezunnene Richtungsmiessung heescht Azimut, rechtweisend Richtung oder orientéierte Stral.
  2. magnéitesch Nord: Horizontalprojektioun vun de Feldlinne vum Äerdmagnéitfeld (resp. vun engem Himmelskierper). D'Resultat heescht magnéitesch Richtung, Kompass-Peilung, missweisende Kurs o. ä.
  3. Kreesel-Nord: mëttels nordsichendem Kreeselinstrument oder kreeselstabiliséierter Plattform. D'Resultater vu solche Richtungsmiessunge nennt een Kreeselpeilung, gyroskopescher Kurs o. ä.
  4. Gitternord: Nordrichtung an engem Koordinatensystem oder eng Kaart. Mat dësem Bezuch erginn sech sougenannte Richtungswénkel.
  5. Loutrichtung: déi uertlech Vertikal am Äerdschwéierfeld. Op d'Lout bezunne Wénkel nennt een Zenitwénkel oder Zenitdistanz, d'Ergänzung op 90° heescht Héichtewénkel.
  6. Funknavigatioun: déi op Funkfeier bezunne Richtunge an déi zwou nächst Methode sinn relativ. Duerch rechneresch Korrektur kritt een d'Orientéierung am System Nr. 1 oder 2, geographesch oder magnéitesch Nord.
  7. Sonn oder helle Bezuchsstär: Raumsonde orientéieren sech un hellen Objeten (z. B. Canopus, Sirius). No der Bunnbestëmmung ass eng Korrektur op absolut Richtunge méiglech.
  8. Gefiert- resp. Kierperachs: d’Bezuchsrichtung fir „Säitepeilung“ (kuckt ënnen) resp. fir d'Richtungshéieren vun den Ouere, kuckt Lokalisatioun.

An engem Vermiessungsnetz (Triangulatioun) bezéien sech op „Nord“ orienéiert Richtunge meeschtens op ee Referenzellipsoid. Sou gerechent Azimute nennt een „ellipsoidesch“ – am Géigesaz zum gemoossenen astronomeschen Azimut (Nr. 1).

Säitepeilung zu enger Liichttonn

[änneren] Miessinstrumenter

Richtungsmiessunge geschéien je no Genauegkeet a Fachgebitt mat:

D’Genauegkeeten leien bei 1–10° (Sport, Navigatioun), honnertstel Grad bis 1" (Vermiessung) an 0,1" bis 0,01" (Satellite, Loutofwäichung, Astronomie). An der Nautik sinn och Richtungsmiessunge geméiss der Schëffsachs passend, si ginn Säitepeilung genannt. Addéiert een de Kurs, erhält een d’Richtung rechtweisend (Nr. 1) oder mëssweisend (Nr. 2).

Sou „Miessunge“ mécht een intuitiv och als Foussgänger oder Velofuerer.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen