Riederen (Hiriichtung)
D'Riedere war fréier eng brutal Manéier, fir Persounen, déi zum Doud veruerteelt waren, mat Hëllef vun engem Rad hinzeriichten. Si gouf vum Mëttelalter bis an déi fréi Neizäit praktizéiert. A Bayern ass si erréicht 1813 komplett ofgeschaaft ginn. Déi lescht Hiriichtung duerch Riederen huet sech 1841 a Preisen ofgespillt.
Inhaltsverzeechnes |
Duerchféierung [änneren]
Fir d'éischt goufen déi als Mäerder oder Reiber Veruerteelt op d'Riichtplaz bruecht an do um Buedem festgebonnen. An deem éischten Akt war d'Zil net den Doud, mee d'qualvollt Mutiléiere vum Kierper. Duerfir si bei der geleefegster Variant d'Been als éischt gebrach ginn. Dobäi huet de Schaarfriichter d'Riichtrad, dat meescht en eisene Bord hat, op den ënneschten Deel vum Bee fale gelooss a sech dann bis zu dem Veruerteelte seng Äerm eropgeschafft. De Rhythmus an d'Unzuel u Schléi war ëmmer festgeschriwwen. Fir d'Wierkung z'erhéije si schaarfkanteg Holzstécker ënnert d'Gelenker geluecht ginn. Méi spéit goufen et extra Virriichtungen, an déi de Veruerteelte konnt agespaant ginn. Obwuel dat net geleefeg war, konnt de Schaarfriichter de Veruerteelten nom Enn vum éischten Akt exekutéieren, andeems hie beim Gnodestouss op den Hals oder d'Häerz geziilt huet.
Am zweeten Akt ass de Kierper op en anert Rad geflecht ginn, wat duerch déi gebrache Glidder méigleg war, oder dorunner festgebonne ginn. Duerno ass dat Rad op engem Poul opgeriicht ginn an de Schaarfriichter konnt de Veruerteelte käppen oder mat eppes erwiergen. Ennert dem Rad ass och e Feier ugefaange ginn oder et huet een de Geriderten einfach do dra geheit.
Op verschiddene Plazen sinn d'Schanken direkt um Rad mat enger Eisestaang futti geschloe ginn.
Well d'Läich no der Hiriichtung op dem Rad bliwwen an dem Verfall iwwerlooss ginn ass oder vun Déiere gefriess gouf, hat dëss Form vu Bestrofung, ähnlech wéi déi antik Kräizegung, eng sakral Funktioun iwwert den Doud ewech: no dem deemolege Glawe konnt eng Persoun ouni Begriefnes net operstoen.
Wann de Geriedeten nach liewend vum Rad gefall ass oder d'Hiriichtung op soss eng Aart net geklappt huet, gouf dat als gëttlecht Agräifen interpretéiert.
D'Riederen an der lëtzebuergescher Literatur [änneren]
An der lëtzebuergescher Literatur mécht de Michel Rodange a sengem Renert Allusioun un d'Riederen. Am drëtte Gesank schreift hien:
- De Kinnek léisst eech roufen;
Dir sid him stoark verklot,
En hiërt eech gär selwer,
A wat dir doarzou sot.
Mä wann dir net gifft kommen,
Da gif äert Schlooss besat,
Dir giift geholt, gestrooft geen,
Mam Gaalgen a mam Rad.
D'Riederen an der Konscht [änneren]
-
Pieter Bruegel den Eeleren - Triumph vum Doud (ca. 1562)
-
Rettung an Heelung vun engem Geriederte vun der Muttergottes
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Breaking wheels – Biller, Videoen oder Audiodateien |