Rietsleefeg
Als rietsleefeg oder prograd (lat. pro = vir, vijenzeg, gradus = Schrëtt) bezeechent een an der Astronomie Objeten, déi an engem System dat rotéiert der Haaptrotatiounsrichtung noginn. Objeten, déi den anere Wee rotéieren, bezeechent een als réckleefeg oder retrograd (lat. retro = zréck, hannerzeg).
D'Bezeechnunge gi fir ëmlafend Stäresystemer, Planéiten, Asteroiden a Koméite gebraucht, wéi och fir hir Mounden. En Objet mat retrogradem Orbit kennzeechent een duerch eng Bunnschréiegt > 90° zu sengem Zentralkierper, en Objet mat retrograder Rotatioun duerch eng Achsschréiegt > 90° zu senger Ëmlafbunn.
Inhaltsverzeechnes |
Bedeitung am Sonnesystem [änneren]
Am Sonnesystem gëllen esou Objeten als rietsleefeg, déi aus Richtung vum Nordpol vun der Ekliptik gesinn entgéint dem Auerzäresënn rotéieren resp. hiren Zentralkierper ëmlafen.
Als Folleg vun der Gebuert vum Sonnesystem beweege sech all d'Planéiten, de Pluto an d'Asteroidenceinture op engem rietsleefegen Orbit. D'Rotatioun vun de meeschte gréissere Kierper vum Sonnesystem ass och rietsleefeg.
E puer bekannt réckleefeg Himmelskierper [änneren]
Retrograden Orbit [änneren]
- Triton (Neptun I), Bunnschréiegt: 157°
Gréisste retrograde Mound am Sonnesystem. Et gëtt ugeholl, datt et sech bei dësem Mound ëm ee vun der Gravitatioun agefaangenen Objet handelt. - Divers Jupiter- a Saturnmounden, z. B.:
- Den Halleysche Koméit
- Den Exoplanéit HD209458b
Retrograd Rotatioun [änneren]
- Venus, Achsschréiegt: 177°
- Uranus, Achsschréiegt: 98°
Gréisste retrograden Objet am Sonnesystem, deem säi réckleefege Charakter awer wéinst der bal rechtwénkleger Achsschréiegt kaum ze erkennen ass. - Pluto, Achsschréiegt: 123°
Schäinbar rietsleefeg a réckleefeg Bewegung [änneren]
Objete vum Sonnesystem ginn als rietsleefeg bezeechent, wann hiren Ëmlaf niewent der Ekliptik ass, also aus der Richtung vum nërdlechen Ekliptikpol gesinn, géint den Auerzäresënn verleeft, an als réckleefeg bei engem Ëmlaf am Auerzäresënn. Well hir Ëmlafzäiten entspriechend dem drëtte Gesetz vum Kepler verschidde vun der Ëmlafzäit vun der Äerd sinn, kënnt et während den Iwwerhuelvirgäng zum Wiessel vum visuellen Ëmlafsënn (deem op der Äerd bezunnenen Uertsvektor), zum Beispill déi charakteristesch Planéiteschläife bei der Oppositioun vun de baussenzege Planéiten. D'Erklärung vun deene Wiessele war wichteg fir d'Entwécklung vum geozentreschen a vum heliozentresche Weltbild. (→ Epizykeltheorie)
|
Bewegung vum bannenzege laanscht de baussenzegen Himmelskierper, Siicht op d'System
T1–5: Punkte vun der bannenzeger Bunn P1–5: gläichzäiteg Punkte vun der baussenzeger Bunn A1–5: Projektioun op d'visuellt Firmament D'Zäitpunkte leien am Beräich vun der halwer Ëmlafdauer vum bannenzege Kierper. |
Virstellung als Himmelsubléck, topozentresche Standpunkt, stärefest Ofbildung:
Bewegung vum Himmelskierper als „Wandelstär“ géint d'Fixstären: Well de Stärenhimmel am Laf vun der Nuecht no Westen zitt (hei riets), erschéngt d'Bewegung vum Himmelskierper dogéint réckleefeg (no lénks). Déi queesch Bewegung an der Schläif kënnt doduerch, well d'Bunnflächen am Allgemengen net exakt dselwecht sinn: Doduerch verännert sech och déi drëtt Koordinat vun de Punkten. |