Rio Paranapanema
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Rio Paranapanema ass ee vun de gréisste Waaserleef am Staat São Paulo a Brasilien. Et ass en Niewefloss vum Rio Paraná an hie mécht d’Grenz tëschent São Paulo a Paraná.
De Rio Paranapanema huet eng Längt vun 929 km mat engem Héichtenënnerscheed vun 570 m. E leeft am grousse Ganzen vun Oste no Westen a leeft op enger Héicht vun 239 m an de Rio Parana.
Seng Quelle sinn an der Serra Agudos Grandes, am Süd-Oste vum Staat São Paulo, op enger Héicht vun ongeféier 900 m.
| Commons: Paranapanema River – Biller, Videoen oder Audiodateien |