Rio de Janeiro

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Rio de Janeiro. Fir de Bundesstaat, kuckt wgl. Rio de Janeiro (Bundesstaat).
Rio de Janeiro

Owespanorama vu Rio de Janeiro
Land Brasilien
Verwaltungseenheet: Rio de Janeiro
Koordinaten 22° 54’ 30’’ S
      43° 11’ 47’’ W
Fläch 1.197,46 km²
Awunnerzuel: 6.775.561 (geschat)[1] (2021)
Héicht: 2 m
Websäit www.camara.rj.gov.br

Rio de Janeiro ass déi zweetgréisst Stad a Brasilien an d'Haaptstad vum Bundesstaat mam selwechten Numm. Se läit an der Guanabara-Bucht am Südoste vum Land. Den Numm (portugisesch fir "Januar-Floss") ass entstanen, well de Gaspar de Lemos den 1. Januar 1502 d'Bucht entdeckt huet an iertemlech gemengt huet, et wier d'Mëndung vun engem grousse Floss. D'Stad hat 2016 ronn 6,4 Milliounen Awunner; 2021 waren et der geschat 6,76 Milliounen[1]. An der Agglomeratioun liewen eng 13,634 Milliounen Awunner (2020)[2].

Rio de Janeiro war tëscht 1763 an 1960 d'Haaptstad vu Brasilien, ier Brasília dës Funktioun iwwerholl huet, an ass no São Paulo dee wichtegsten Handels- a Finanzzentrum vum Land. D'Awunner gi Cariocas genannt, dat heescht op Tupinambá "Häip vum wäisse Mann".

Déi bekanntst Attraktioune vu Rio de Janeiro sinn den 394 m héijen Zockerhutt, déi 38 Meter héich Christusfigur op der Spëtzt vum Corcovado (dee 704 m héich ass) an d'Plagë vu Copacabana an Ipanema. D'Stad ass och bekannt wéinst dem Karneval vu Rio, deen do all Joer deeglaang gefeiert gëtt.

D'Olympesch Summerspiller 2016 goufen zu Rio de Janeiro ausgedroen.

Arrondissementer[änneren | Quelltext änneren]

Rio de Janeiro ass an 33 Arrondissementer (Regiões Administrativas) agedeelt, déi hirersäits 5 Plang-Flächen (Áreas de Planejamento) zougeuerdent sinn:

  • Área de Planejamento 1: Centro, Paquetá, Portuária, Rio Comprido, Santa Teresa, São Cristóvão;
  • Área de Planejamento 2: Botafogo, Copacabana, Lagoa, Rocinha, Tijuca, Vila Isabel;
  • Área de Planejamento 3: Anchieta, Complexo do Alemão, Ilha do Governador, Inhaúma, Irajá, Jacarezinho, Madureira, Maré, Méier, Pavuna, Penha, Ramos, Vigário Geral
  • Área de Planejamento 4: Barra da Tijuca, Cidade de Deus, Jacarepaguá;
  • Área de Planejamento 5: Bangu, Campo Grande, Guaratiba, Realengo, Santa Cruz.

D'administrativ Regioune sinn an 160 Quartieren (Bairros) ënnerdeelt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Vue vum Corcovado erof op den Zockerhutt, an d'Quartiere vu Botafogo, Copacabana an Ipanema.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rio de Janeiro (city) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 População. cidades.ibge.gov.br. Gekuckt de(n) 06.06.2022.
  2. Brazil. Central Intelligence Agency (26.05.2022). Gekuckt de(n) 06.06.2022.