Risebiereklo

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Blue star boxed.svg De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.


Risebiereklo

Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Magnoliopsida
Uerdnung: Apiales
Famill: Apiaceae
Gattung: Heracleum
Aart: Risebiereklo
Wëssenschaftlechen Numm
Heracleum mantegazzianum
Somm. & Lev.

D'Risebiereklo[1] (Heracleum mantegazzianum Somm. & Lev.) ass eng zwee- bis méijähreg Planz aus der Famill vun den Doldenblütler (Apiaceae). Se kënnt ursprénglech aus dem Kaukasus an ass an Europa an Nordamerika en etabléierten Neophyt.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Gesondheetlech Geforen[änneren | Quelltext änneren]

D'Risebiereklo ka fir de Mënsch geféierlech ginn. Duerch eng Beréierung vun der Planz gëtt d'Haut fir zirka 2,5 Stonnen staark photosensibiliséiert duerch Furanocumarinen, déi an allen Deeler vun der Planz ze fanne sinn. Wann d'Haut der Sonn oder eng aner ultravioletter Stralungsquell ausgesat ass, kann dat zu schwéiere Verbrennunge féieren (bis zum 2. Grad), déi ënner Ëmstänn nëmme ganz lues heelen.

D'Risebiereklo zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Risebiereklo ass zu Lëtzebuerg invasiv an an alle Regioune verbreet, virun allem laanscht d'Flëss, an ass a voller Expansioun.[2] D'Aart gouf 1935 fir d'éischt vum Edmond Joseph Klein a sengem Virgäertchen um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad als botanesch Kuriositéit gezillt.[3]

D'Aart gëllt als exzellent Beieweed a gëtt dowéinst dacks vu lëtzebuergesche Beienziichter ausgeséit, obwuel et gesetzlech verbueden ass, zur Ausbreedung vu friemen Aarten an der Gréngzon beizedroen.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Glesener, B., M. Pfeiffenschneider & C. Ries, 2009. Die Verbreitung von Impatiens glandulifera, Fallopia japonica, F. sachalinensis, F. ×bohemica und Heracleum mantegazzianum entlang der Hauptfließgewässer Luxemburgs. Bull. Soc. Nat. luxemb. 110 : 69-73. PDF 470 kB
  • Pfeiffenschneider, M., 2001. Problematik der Bioinvasion. Nationales Inventar von Riesenbärenklau, Indischem Springkraut und exotischen Knötericharten. Ergebnisse einer Umfrage und Konzept zur Bekämpfung der Riesenbärenklaubestände. Studie des Büros ERSA im Auftrag von: Administration des eaux & forêts, Service de la conservation de la nature, November 2001. 23 S. + Anhang, Luxembourg.
  • Pfeiffenschneider, M., 2007. Über die Verbreitung von Heracleum mantegazzianum, Impatiens glandulifera, Fallopia japonica und F. sachali­nensis entlang der Gewässer Obersauer, Woltz, Clerve, Wiltz und ihrer Nebengewässer (Luxemburg). Bull. Soc. Nat. luxemb. 108 : 7-10. PDF 400 kB
  • Pfeiffenschneider, M. & M. Owaller, 2000. Kartierung von Japan-Knöterich, Riesenbärenklau und Indischem Springkraut an der Obersauer. Theoretische Grundlagen und Ergebnisse der Kartierung. Studie des Büros ERSA im Auftrag von: Administration des eaux & forêts, acrrondissement nord. August 2000. 37S. + Anhang, Luxembourg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heracleum mantegazzianum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Dës Aart huet nach kee lëtzebuergeschen Numm. Den Henri Klees nennt just d'Nimm Rackebrout respektiv Tuten fir d'Gattung Heracleum (de: Bärenklau), vun där et bei eis bis 1935 just eng eenzeg Aart gouf: Heracleum sphondylium (de: Wiesenbärenklau). Et kéint een d'Aart deemno och Riserackebrout respektiv Risentuten deefen. Fir eng Klo kann een och Pratz (de: Tatze) soen, deemno kéint een d'Aart och nach Risebierepratz nennen.
  2. Cf. Glesener et al. 2009 an der Literatur.
  3. Quell: mëndlech Matdeelung vum Professer Léopold Reichling, zirka 2005.