Ritchey-Chrétien Teleskop

Vu Wikipedia

Den Ritchey-Chrétien Teleskop (och RC-Teleskop genannt) ass e Spigelteleskop, deem seng Bauform dem klasseschen Cassegrain-System gläicht.

De Stralegank vun engem RC-Teleskop

Et ginn nëmmen zwéi Spigele gebraucht, deenen hir speziell Form dofir suergt, datt ouni e Korrekter, wéi bei der Schmidtplak, Meniskus oder eng aner Lëns, eng komafräi Foto erreecht gëtt. Well awer d'Bildfeld net flaach ass, gëtt beim fotografesche Gebrauch vu groussen RC-Teleskope kuerz virum Fokus e Lënsensystem gesat, dat dëse Problem ophieft.

De Ritchey-Chrétien-System gouf Ufanks vum 20. Joerhonnert vum George Willis Ritchey an dem Henri Chrétien entwéckelt.

Bekannt Ritchey-Chrétien-Teleskope sinn d'Hubble-Weltraumteleskop an d'Very Large Telescope (VLT) vum Paranal-Observatoire am Chile. Variante vun dëser Bauaart ginn an der Tëschenzäit vu verschiddenen Amateurteleskopconstructeure verkaf.

Verglach mat dem klassesche Cassegrain-System[änneren | Quelltext änneren]

D'Gréisst vum notzbare Bildfeld ass eng wichteg Kenngréisst fir d'Leeschtungsfäegkeet vun engem Teleskop. Et ass dofir sënnvoll z'ënnersichen, vu wéi engem Bildfeldduerchmiesser d'Ofbildungsfeeler e Wäert vun 1" bis 2" iwwerschreiden. Dës Grenz gouf gewielt, well bei engem duerchschnëttleche Seeing 2" opgeléist kënne ginn.

Verglach vum Cassegrain-Teleskop an engem Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop mat de selwechten techneschen Daten:

  • Duerchmiesser vun der Ëffnung: 500 mm
  • Brennwäit vum Primärspigel: 1500 mm
  • Brennwäit vum ganzen System: 4000 mm

De Radius vun der Bildfeldwëlbung läit bei béide Systemer iwwer 500 mm.

Notzbare Bildfeldduerchmiesser:

Cassegrain-Teleskop RC-Teleskop
bei Komafeeler ≤ 1" 0,095°
bei Astigmatismus ≤ 1" 0.33° 0.31°
bei Komafeeler ≤ 2" 0,19°
bei Astigmatismus ≤ 2" 0,47° 0,44°

Wéi d'Tabell weist, gëtt d'Gréisst vum Bildfeld beim Cassegrain-Teleskop duerch den Komafeeler begrenzt, den RC-Teleskop dogéint nëmmen duerch den Astigmatismus. Sou huet de RC-Teleskop bei engem maximale Bildfeeler vun 1" een eppes 3,3-fach gréisseren notzbare Gesiichtsfeld wéi de klassesche Cassegrain, bei engem maximale Bildfeeler vun 2" ass dat notzbart Gesiichtsfeld vum RC-Teleskop nach ëmmer 2,3-mol sou grouss wéi beim Cassegrain.

Duerch d'Komafräiheet kann den RC-Teleskop mat gréisseren Ëffnungsverhältnesser a besonnesch kompakter Ausféierung gebaut ginn.

E Nodeel vum RC-Teleskop am Verglach mat dem Cassegrain ass d'Noutwendegkeet vu Korrekterlënsen, wa bei ausgebautem Sekundärspigel mat dem Primärfokus geschafft soll ginn. De Parabolspigel vum Cassegrain weist dann nämlech op der optescher Achs e perfekt Bild, wärend d'RC-Hyperbel schlecht duerstellt.

Konstruktiounseegeschafte vum Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

D'Krëmmungsradien vun de béide Spigelflächen op der optescher Achs ginn -wéi bei alle Cassegrain-Teleskopen- duerch déi follgend Equatioune beschriwwen:

Doran sinn:

  • R1 an R2 Zuele vun de Krëmmungsradien vum Primär- resp. Sekundärspigel
  • F effektiv Brennwäit vum ganze System
  • B Ofstand vum Sekundärspigel zum Brennpunkt
  • D Ofstand tëscht de béide Spigelen

Bemierkung: An der Literatur ginn déi Radien dacks als negativ Zuelen uginn. Domat gëtt formell zum Ausdrock bruecht, datt d'Liicht op sengem Wee duerch d'Instrument eréischt d'Mëttelpunkte vun de Krëmmungsradie passéiert an dann op d'Uewerflächen trëfft.

Wéinst den zwou schwéier préifbaren hyperbolesche Spigelflächen ass d'Fabrikatioun vu klenge Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskopen net sënnvoll. D'Schläife vum de Spigele läit am Allgemengen net an de Méiglechkeete vun engem Amateurastronom. D'Ajustéiere vun de Spigele muss mat héijer Prezisioun gemaach ginn.

Grouss Ritchey-Chrétien Teleskopen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.astronews.com/news/artikel/2000/10/0010-038.shtml
  2. http://www.wissenschaft.de/wissen/news/230462.html