Rob Deltgen

Vu Wikipedia
Rob Deltgen
Gebuer 11. Januar 1950
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf


De Rob Deltgen, gebuer den 11. Januar 1950 zu Wolz[1], ass e lëtzebuergesche Fotograf an zanter 1998 Genealogie-Fuerscher.

Hien ënnerhält déi am meescht besichten[2] an eelst Internet-Säit fir Familljefuerschung zu Lëtzebuerg[3]. Hien ass och Matgrënner a Kommiteesmember vun der Asbl Luxracines[4].

De Rob Deltgen ass Auteur vu Familljebicher iwwer Dikrech, Mäerzeg, Feelen, Chrëschtnech, Buerschent, Helzen, Furen, Groussbus, a Wëlwerwolz. Hie fuerscht zur Zäit (2012) iwwer Hochzäiten aus der Circonscriptioun Dikrech.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial C — N° 1432 vum 4. Juli 2009, S. 68724
  2. http://www.deltgen.com/cgi-bin/awstats/awstats.pl
  3. http://www.deltgen.com.
  4. http://www.luxracines.lu.