Rob Roemen

Vu Wikipedia
Opgepasst: D'Neutralitéit vun dësem Artikel gëtt staark ugezweifelt.
Rob Roemen
Gebuer 14. September 1945
Gestuerwen 25. Dezember 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Robert ("Rob") Roemen, gebuer de 14. September 1945 zu Wolz, a gestuerwen de 25. Dezember 2012[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker.

Jugend- a Studienzäit[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass zu Bauschelt opgewuess, wou hie sech als jonke Mënsch ganz vill ëm d'Duerfveräiner gekëmmert huet.

Hien hat e puer Joer zu Arel bei de Mariste studéiert, koum dunn awer op de Lampertsbierg an d'Beruffsschoul. Well säi Papp et sou wollt, huet de Rob Roemen ufanks doheem am Betrib als Carrossier geschafft. Hien huet an deem Beruff seng Geselleprüfung gemaach. Nodeem hien nach an d'Course vun der Meeschterprüfung gaange war, huet hie berufflech op säin Hobby, d'Schreiwen, ëmgesuedelt.

De Journalist[änneren | Quelltext änneren]

Seng éischt Aarbechten als Journalist huet de Rob Roemen bei der Revue gemaach. An de 70er Joren huet en och d'Zäitschrëft vun de Jongliberalen, "Démocratie 80", geleet. Dem deemolege liberale Politiker Gaston Thorn ware seng Artikelen opgefall, dofir huet hien de jonke Schreiwer gebieden, et dach emol am Lëtzebuerger Journal ze versichen, wat dunn och sou geschitt ass.

A senger journalistescher Zäit hat de Rob Roemen et net ëmmer liicht fir sech ze behaapten. Dat huet ee bei verschidde Presseprozesser gesinn, woubäi besonnesch déi jorelaang Ausernanersetzung mat dem fréiere Minister Wolter opgefall ass. Ëm déi Affär war et souguer zu enger Klo beim Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg komm, wou de Rob Roemen Recht krut. Als Konsequenz vun dësem Urteel ass et zu Lëtzebuerg zu enger Erneierung vum Presserecht komm.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Affär Roemen-Wolter.

Hien ass sengem liberalen Engagement ni ontrei ginn, huet awer vill Wäert op en onofhängege Journalismus geluecht. Et goung dem Rob Roemen ëmmer drëm, fir senger Zeitung e gewësse Cachet opzedrécken, andeems et him och gelongen ass, den exklusiven Informatiounen an engem zolitte Kommentar Prioritéit ze ginn.

Hie war 30 Joer laang Journalist am Lëtzebuerger Journal, dovu 25 Joer als Chefredakter.

Hien huet och bei Bicher, Annuairen an aneren Zäitschrëfte matgewierkt.

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

No senger Fréipensionéierung am Joer 2005, gouf hien am selwechte Joer Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng, wou hien déi 6 Joer virdru Gemengeconselljee war.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass den Auteur vun engem Buch dat 1995 erauskoum:

"Aus Liebe zur Freiheit - 150 Jahre Liberalismus in Luxemburg", 530 S., Imprimerie Centrale ISBN 2-9599893-0-9

Doud[änneren | Quelltext änneren]

De Rob Roemen ass op Chrëschtdag de 25. Dezember 2012 verscheet, 8 Deeg nodeem hie gefall war, a sech um Kapp blesséiert hat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wort 2012, Nr. 301 (27. Dezember), S. 4: Rob Roemen im Alter von 67 Jahren gestorben

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Urteel vum Stroossbuerger Geriichtshaff

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wort.lu: Rob Roemen ist tot