Robben Island

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Africa stub icon.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Prisong op Robben Island
De Steebroch op Robben Island

Robben Island ass eng kleng Insel am Atlantik (net wäit vun der Küst ewech), nordwestlech vu Kapstad a Südafrika.

Dës Insel ass an der Zäit vun der Apartheid benotzt ginn, fir do politesch Prisonnéier ënnerzebréngen. Ee vun de prominenteste Prisonnéier war den Nelson Mandela, ANC-Rebellechef, spéidere President vu Südafrika a Friddens-Nobelpräis-Dréier. Haart hunn d'Gefaangenen do a Steebrëch misse schaffen, bis 1971 d'Haftbedengungen erliichtert goufen a si souguer do studéiere konnten. Déi lescht Jore vu senger Gefaangeschaft huet de Nelson Mandela benotzt, fir ze studéieren a sech weiderzebilden.

D'Insel ass haut eng national Erënnerungsplaz mat Musée a ka besicht ginn. Fréier Prisonnéier spillen do de Guide. Am Joer 1999 gouf d'Insel vun der UNESCO op hir Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Robben Island – Biller, Videoen oder Audiodateien