Robert Angel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Robert Angel
Gebuer 9. Mäerz 1925
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. Abrëll 2010
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Famill
Kanner Marc Angel


De Robert Angel, gebuer den 9. Mäerz 1925 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 4. Abrëll 2010, war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP) a Kardiolog.

De Robert Angel krut säin Dokteschdiplom de 26. Abrëll 1951. Hien huet sech duerno spezialiséiert a sech am Dezember 1954 als Kardiolog an der Stad Lëtzebuerg etabléiert[1].

Hie war vum 1. Januar 1970 bis de 16. November 1992 Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Vum 16. Juli 1984 bis den 12. Juni 1989 a vum 26. Juli 1989 bis de 5. Juni 1994 war hien Deputéierten an der Chamber.

1965 war hie Matgrënner vum Planning familial.

Hie war de Papp vum LSAP-Politiker Marc Angel.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (DS), 2010. Dr. Robert Angel gestorben. Luxemburger Wort, Nr. 81, 7. April 2010, S. 3 (kuckt och: wort.lu [1]).
  • Durlet, R., 2010. Dr. Robert Angel am Ostersonntag gestorben. Abgeordneter und Gemeinderatsmitglied. Er war 85 Jahre alt. Tageblatt, Nr. 80, 6. April 2010, S. 26
  • Fayot, B., S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil, 1997: 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg, 171 S. (Robert Angel, S. 13-14).
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652 (R. Angel, S. 34).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kugener 2005, S. 34.