Robert Baden-Powell

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Robert Baden-Powell

De Robert Stephenson Smyth Baden-Powell, gebuer den 22. Februar 1857 zu London a gestuerwen den 8. Januar 1941 zu Nyeri, Kenia, war de Grënner vum Scoutissem.

Fir seng Verdéngschter an der Arméi an doriwwer eraus krut hien, nieft senger Ernennung als Baron 1929, vill britesch an international Auszeechnungen, dorënner den Order of Merit (OM), Order of St. Michael and St. George (GCMG), Royal Victorian Order (GCVO) an den Order of the Bath (KCB).

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

De Robert Stephenson Smyth gouf als siiwente vun aacht Jongen ënner zéng Kanner gebuer. Säi Papp hat ausserdeem nach véier Kanner aus engem éischte Bestietnes. Hie gouf praktesch nëmme vu senger Mamm opgezunn, well säi Papp, dee Professer fir Theologie a Geometrie op der Universitéit Oxford war, gestuerwen ass wéi hien dräi Joer hat. Säin aussergewéinleche Virnumm setzt sech zesummen aus Deeler vun Nimm vu senge Virfahren: Robert Stephenson, Jong vum George Stephenson an och Eisebunnspionnéier, an John Smyth, e Kapitän, deen am Déngscht vun der Kinnigin Elisabeth I. vun England stoung. Spéider, bei de Scouten, gouf hie Bi-Pi genannt.

De Grousspapp huet dem jonke Robert d'Loscht um Abenteuer an d'Freed an der Natur bäibruecht. Si sinn dacks zesummen an den Hyde Park gaangen, wou de Robert aussergewéinlech prezis Landkaarte gezeechent huet. Wéi säi Grousspapp gestuerwe war ass de Baden-Powell dacks duerch d'Aarmevéierel vu London gesträift an huet doduerch de Misär an d'Leed kenne geléiert. Schonn deemools war hien iwwerzeegt eppes dorun änneren ze missen. Den deemools 8-järege Bouf huet gemierkt datt een d'Awunner vun Armevéierel un der aarmséileger Kleedung konnt erkennen. Hien huet sech iwwerluecht datt een déi Arem net vun deene Räiche kéint ënnerscheede wa se all d'selwecht gekleet wieren. Dat war ee vun de Facteure firwat hie méi spéit bei de Scouten eng Uniform agefouert huet. Während senger Schoulzäit huet de Baden-Powell all fräi Minutt profitéiert fir de Bësch an d'Spure vun den Déiere kennen ze léieren. An der Vakanz goung hien dacks mat senge Frënn campéieren oder en ass mat senge Bridder en Tour maache gaangen. Hien huet mat hinnen Erfarunge gesammelt déi duerno a sengem Liewen eng grouss Roll spille sollten.

Mat 13 Joer koum hien an d'Charterhouse School wou hien nei Aktivitéitsfelder entdeckt huet. Am grousse Schoulpark huet hie geléiert sech erun ze schläichen ouni datt de Surveillant et gemierkt huet an hie konnt Feier maache wat net gedämpt huet. De B.P. war en duerchschnëttleche Schüler dee sech net allze vill fir d'Schoul intresséiert huet. Hien ass gutt matkomm, huet awer néierens besonnesch ervirgestach, ofgesi vun zwee Gebidder: Hie war en ausgezeechente Schauspiller an am Foussball e souveräne Golkipp. Et ass opgefall datt hie grad sou gutt mat der rietser wéi mat der lénkser Hand gutt zeechnen a schreiwe konnt.

No der Schoul sollt hien op d'Uni goen, huet awer den Opnamexame fir d'Universitéit Oxford net gepackt. Hien huet sech du bei der Militärakademie Sandhurst gemellt. Den Opnamexame fir d'Kavallerie huet en als zweetbeschten an dee fir d'Infanterie als véiertbeschte bestanen.

Militärcarrière[änneren | Quelltext änneren]

Indien[änneren | Quelltext änneren]

1876 gouf en an Indien versat, wou hien a senger Fräizäit meeschtens am Dschungel war a wëll Déieren observéiert huet. An der Garnisoun huet hien Theateropféierungen organiséiert an en huet éischt Erfarunge mat Jugendgruppe gesammelt. Hien huet och scho fréi d'Feeler vun der britescher Kolonialherrschaft erkannt, déi d'Inder wéi „ënnerentwéckelt Briten“ behandelt huet an net wéi Mënsche mat enger anerer, awer grousser, Kultur. Nodeem hie privat Hindi geléiert hat ass en och do duerch d'Aarmequartiere gaange. Hien huet do säi System vun de klenge Gruppen entwéckelt: Hien huet d'Zaldoten a Patrulle vu 5 bis 8 Mann opgedeelt. Déi hunn ënner sech e Patrullechef gewielt. Doduerch huet en d'Responsabilitéitsgefill an d'eegestännegt Denke vun den Zaldote motivéiert.

1880 gouf hien ugestallt fir d'Schluechtfeld vu Maiwand, wou d'Briten am Krich géint d'Afghanen geschloe goufen, ze kartographéieren. Op där grujeleger Plaz, tëscht Kadavere vu Mënschen a Päerd, huet hie fir d'éischt um Sënn vum Krich gezweiwelt. Wéinst senge Kompetenzen am Spureliese gouf hien ugestallt Spurelieser (en: Scouts) auszebilden.

Afrika[änneren | Quelltext änneren]

Opgrond vun der explosiver Situatioun a Südafrika gouf hie mat sengem Regiment, den 13. Husaren, dohi versat. Duerch säi Buch „Reconnaissance and Scouting“, dat hie schonn 1884 an Indien geschriwwen hat, war hien do scho berühmt. Seng éischt Missioun war, fir, als Reporter verkleet, d'Drakensbierger auszespionnéieren.

Hien huet d'Zuluen an d'Buren an hire Siidlunge besicht an hie koum mat prezise Kaarten a mat der Hoffnung op eng friddlech Léisung zréck. 1885, nodeem d'Situatioun sech berouegt hat, gouf de Baden-Powell mat sengem Regiment zréck an England versat. Mä geschwë koumen erëm schlecht Nouvellen aus Südafrika. Den Zulukinnek Dinizulu huet ëmmer méi Leit ëm sech gesammelt a mat ongeféier 16.000 Zuluen en Zweefrontekrich géint d'Briten an d'Buren ugefaangen. Goldgriewer a Sklavenhändler hunn d'Situatioun ausgenotzt an d'Regioun ass ëmmer méi onroueg ginn. Et soll awer och ernimmt ginn datt 2.000 Zuluen, déi de Schott John Dunn zu hirem Häuptling gewielt haten, op der englescher Säit gekämpft hunn.

Well hien sou gutt kënneg war, a vläicht och well säi Monni Chef vum Etat-Major war, gouf de Baden-Powell erëm an Afrika geschéckt. Nodeem hien do Schreckleches erlieft hat, huet hie mat Erfolleg eng 1. Hëllef-Ausbildung fir d'Zaldote gefuerdert. Et ass him gelongen den Dinizulu a senger Stopp opzedreiwen a gefaangen ze huelen. De B.P. gouf doropshi fréizäiteg zum Majouer ernannt. Duerno war en ee Joer op Malta an zwee Joer als Geheimagent um Balkan, wou hien Zeechnunge vu Befestegungsanlage gemaach huet. Op säi perséinleche Wonsch hi gouf hien dunn erëm an England zréckversat.

1895 war hien, wéinst dem Krich mat dem Vollek vun den Ashanti erëm an Afrika. Hie war dobäi wéi dee leschte souveräne Kinnek vun den Ashanti Pempreh, deen deemools eréischt fofzéng Joer hat, gefaange geholl gouf.

Knapps war de Baden-Powell nees an England, do huet e schonn erëm missen an Afrika. Am Matabele-Land, nërdlech vu Transvaal, war eng Revolt ausgebrach an d'Briten, déi do gelieft hunn, entweder dout geschloe goufen, oder si waren an d'Provënzhaaptstad Bulawayo geflücht. Mä och do ware si net sécher well ongeféier 10.000 Matabele-Kämpfer sech an de Bierger ronderëm verschanzt haten an d'Stad wollten ugräifen. De Baden-Powell war géint eng militäresch Léisung, wat e Massaker bedeit hätt, an huet den Haaptmann vun der Revolt, e Medezinmann deen Uwini geheescht huet, gefaange geholl. Deen huet gegleeft, hie wier onstierflech an e misst déi Wäiss all dout maachen. Do krut de Baden-Powell vun de Matabele säi Spëtznumm "Impesa" (de Wollef deen ni schléift). Well déi Einheimesch un dem Uwini seng Onstierflechkeet gegleeft hunn, hu se viru gekämpft. Eréischt wéi de Baden-Powell den Urwini dout maache gelooss huet gouf et roueg. Déi Decisioun war, no der Ausso vum B.P., "eng vun de schwéierste vu sengem Liewen".

Zweete Burekrich[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Juni 1899 war de Baden-Powell schonn erëm an Afrika: Den Zweete Burekrich war ausgebrach. Et ass him gelongen d'Stad Mafeking 217 Deeg laang mat nëmmen 700 Zaldote géint 9.000 Buren ze halen. Dobäi huet hien d'Bouwe vu Mafeking als Buet an als Spioun agesat. An England gouf hien als Krichsheld gefeiert, obschonn hie sech géint déi Éier gewiert huet.

Duerch d'Grënnung vun der South African Constabulary (SAC), enger britesch-burescher Policetrupp, huet hie vill zum Friddensprozess a Südafrika bäigedroen. Als Generolmajouer sollt hien dunn déi ganz britesch Kavallerie nom Virbild vun der SAC ëmorganiséieren an e gouf zum Generalinspekter vun der Kavallerie ernannt. De 7. Mee 1910 ass en offiziell a Pensioun gaangen.

De Scoutissem, säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Robert Baden-Powell 1907 op Brownsea Island
Gedenksteen op Brownsea Island, do wou deen 1. Scoutscamp war

Eréischt 1907 hat de Baden-Powell genuch Zäit fir seng Iddi, déi scho laang virdru gebuer war, ze realiséieren: Hien huet vum 25. Juli bis den 9. August 1907 mat 22 Bouwen aus alle soziale Schichten op Brownsea Island an England deen éischte Scoutscamp organiséiert [1]. Hien huet d'Bouwen a Patrullen agedeelt an d'Soutsgesetz geschriwwen.

  • 1908 koum säi Buch „Scouting for Boys“ eraus, dat als eent vun de bedeitenste pedagogesche Wierker vum 20. Joerhonnert gëllt. Doran huet hie fir d'éischt Kéier de Grondsaz „Learning by doing“ (Léieren duerch Maachen) formuléiert.
  • 1909 huet den englesche Kinnek Edward VII. d'Patronat vun de Scouten iwwerholl an am Chile gouf déi éischt Scoutstrupp baussent England gegrënnt.
  • Den 30. Oktober 1912 huet de B.P. d'Olave St Clair Soames bestuet, déi en op enger Weltrees kenne geléiert hat. Si kruten dräi Kanner: Peter, Hather a Betty.
  • Vun 1918 un gouf de Familljesëtz Pax Hill bei Bentley (England) d'Koordinatiounszentral vun der Scoutsbewegung, déi ëmmer weider gewuess ass. Méi spéit gouf den haitege World Scout Bureau geschaf.
  • 1920 war zu London den éischten Jamboree, en Treffe vu Scouten aus der ganzer Welt. 8 000 Scouten aus 34 Natioune waren dobäi.
  • 1929 gouf de Baden-Powell geadelt an e krut den Titel „Lord of Gilwell“.
  • beim Jamboree 1929 goufe scho 50 000 Scouten aus 72 Länner gezielt [2].
  • 1935 gouf dem Baden-Powell, als éischte Scout, déi héchst Auszeechnung, de „Bronze Wollef“, eestëmmeg vum Internationale Comité zu Stockholm iwwerrécht.

Den 8. Januar 1941 ass de Baden-Powell am Alter vu bal 84 Joer zu Nyeri (Kenia) gestuerwen. A sengem leschte Bréif huet hien dem Scoutissem seng zwéi wichtegst Sätz hannerlooss:

  • “ Probéiert fir d'Welt e bësse besser ze verloosse wéi dir se virfonnt hutt.“
  • “De richtege Wee fir glécklech ze ginn ass deen, aner Mënsche glécklech ze maachen.“

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Walter Hansen: Der Wolf, der nie schläft. Das abenteuerliche Leben des Lord Baden-Powell. Neuss-Holzheim: Georgs-Verlag, 19973, ISBN 3-927349-17-8
  • Tim Jeal: Baden-Powell, Founder of the Boy Scouts. Yale University Press, 2001, ISBN 0-300-09103-6
  • William Hillcourt with Olave, Lady Baden-Powell: Baden-Powell – The Two Lives Of A Hero. Heinemann, London 1964
  • Robert Baden-Powell: Scouting for Boys
  • Tim Jeal: "Baden-Powell - Gründer der Pfadfinderbewegung", däitsch Iwwersetzung vum Cornelius Hartz, vdL: Verlag, Wesel 2007, ISBN 978-3-926308-11-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Baden-Powell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Scouting milestones
  2. E. E. Reynolds: BiPi, 1. Oplo. 1954, J. P. Himmer KG, Augsburg, S.137