Robert Brandy

Vu Wikipedia
Robert Brandy
Gebuer 18. Abrëll 1946
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Overcovering past times.
Mixte op Léngent, 120 × 150 cm, 2007.

De Robert Brandy (eigentlech: Robert Brandenburger), gebuer den 18. Abrëll 1946 um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler a fräischaffend zanter 1972.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1972 bis 1976 war hien zu Aix-en-Provence op der École des beaux-arts, an ass duerno mam Mouvement support-surface a mam Vincent Bioulès a Kontakt komm. Dat huet seng Aarbecht sou markéiert, datt hie bis haut seng Toile selwer opspaant a behandelt. 1976 hat hie seng éischt Eenzelausstellung zu Lëtzebuerg an der Galerie Paul Brück. Duerno koum de Brandy nees zeréck op Lëtzebuerg.

Zanter 1972 hat hien iwwer 130 Eenzelausstellungen a mindestens geneesou vill Gruppenausstellungen a Konschtfoiren an Europa, Japan an an den USA.

Zu Lëtzebuerg huet hie vun 1977 bis 2007 mat der Galerie La Cité zesummegeschafft, wou hien all zwee Joer eng Eenzelausstellung hat. Zanter 2008 schafft hie mat der Galerie Bernard Ceysson zesummen.

Zanter 1993 ass hien op der Sich no dem Bolitho Blane, e Personnage aus engem englesche Série noire-Thriller aus den 1930er Joren, an deem hie säin "alter ego" gesäit. Fir déi Installatioun, déi ëmmer weider geet, sammelt a fabrizéiert hien Dokumenter, Fotoen, Objeten, Biller a villes méi.

1979 huet hie säin éischte Siebdrock mam Francis Van Maele vun den Éditions Phi gemaach. Zanterhier huet hien iwwer 100 Stéck dovu produzéiert, déi meescht dovu fir gutt Zwecker.

Vun 1982 un huet de Brandy reegelméisseg handgemaache Bicher a klenger Oplo, dacks och am Siebdrock, mat nationalen an internationale Schrëftsteller gemaach, an zwar ënner anerem mam Fernando Arrabal, Anne Berger, Andrée Chédid, Desmond Egan, Bernard Noël, Jean Portante, Guy Rewenig, Joseph Paul Schneider, Georgios Séféris, Jean Sorrente, Mikis Theodorakis, Radu Vasile, Jean Pierre Verheggen.

Hie wunnt a schafft um Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Dictionnairen[änneren | Quelltext änneren]

  • E. Benezit. Jacques Busse. Tome 2. Éditions Gmünd. Paris, 1999.
  • L'Art Abstrait. Marcellin Pleynet / Michel Ragon. Maeght Éditeur, Paris, 1998.
  • Anthologie des Arts au Luxembourg, Lambert Herr. Éditions Borchette. Lëtzebuerg, 1992.

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Brandy, Jean Sorrente, Bernard Ceysson, Ceysson éditions d'Art, 2009 ;
  • Robert Brandy, Jean Sorrente, Vesna Andonovic, Lambert Herr. Éditions Saint-Paul. Lëtzebuerg. 159 S. 2007 ;
  • Robert Brandy, Sérigraphies 1979-2004. Roger Pierre Turine, Joseph Paul Schneider.Emile Lanc. Éditions Artgo, Bruxelles. 120 S. 2005 ;
  • Robert Brandy, Bernard Noël, Jean Sorrente, Claude Lorent. Éditions Michel Frères, Virton + Éditions Artgo, Bruxelles. 247 S. 2001 ;
  • Robert Brandy, Joseph Paul Schneider. Éditions Michel Frères, Virton. 125 S. 1996 ;
  • Robert Brandy, Daniel Dobbels, Éditions Artgo, Bruxelles. 77 S. 1993 ;
  • Robert Brandy, Lucien Kayser, Claude Lorent, Joseph Paul Schneider, Jean Sorrente, Éditions Michel Frères, Virton. 142 S. 1991 ;
  • Robert Brandy, Marie Paule Schroeder, Claude Lorent, J.C.Asselborn,Victor Weitzel, Éditions Phi, Lëtzebuerg. 113 S. 1982.

Sammlungen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Robert Brandy seng Wierker sinn a villen nationalen an internationale Muséeën an ëffentleche Sammlungen.

Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Romain Urhausen (Realisateur) Robert Brandy, Kollaboratioun Philippe Noesen, Josée Bourg.1989 ;
  • Liliane Thorn-Petit (Realisateur : G. Santini) Serie Portraits d'artistes. RTL 1990 ;
  • Caroline Mart : Brandy à Bruxelles, 30 ans de peinture. RTL 2002 ;
  • Robert Brandy/Bolitho Blane (Realisateur Pascal Becker) RTL 2008 ;
  • Bernard Ceysson (Realisateur : François Ceysson) conversation dans l'atelier. CEYSSON.com 2008.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]