Robert Bruch
De Robert Bruch, gebuer den 29. Januar 1920 zu Bouneweg a gestuerwen den 22. Juli 1959 an engem Autosaccident zu Sandweiler, ass ee vun deene lëtzebuerger Philologen an Dialektologen, déi am Ausland am meeschte bekannt sinn.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
De Robert Bruch huet am Atheneum zu Lëtzebuerg studéiert an zugläich och déi béis Virkrichs- an nationalsozialistesch Annexiounsjoere materlieft. Kuerz agespaart, dunn ënner Opsiicht, konnt hie germanesch a romanesch Philologie studéieren, fir d'éischt zu München an dann zu Erlangen. Da koum d'Zwangsrekrutéierung an d'Wehrmacht, d'Russlandfront an d'Gefaangenelager zu Tambow. Enn 1945 koum hien an d'Land zréck. 1946 huet e Philologie zu Paräis op der Sorbonne studéiert. Zugläich gouf en och dee jéngste Member a Sekretär-Redakteur vun der nei ernannter Dictionnairescommissioun. 1951-1952 huet de Robert Bruch e Studiumsopenthalt beim Walther Mitzka am Archiv vum Däitsche Sproochatlas zu Marburg gemaach. 1953 gouf säin Haaptwierk Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen publizéiert. De R. Bruch war ausserdeem Professer am Lycée de garçons um Lampertsbierg an huet och gär a pedagogesche Froen e Wiertche matgeschwat.
Den 22. Juli 1959 ass deen international bekannte Sproochwëssenschaftler an engem Autosaccident ëmkomm.
Thesen [änneren]
De Robert Bruch ass speziell bekannt duerch seng ëmstridden, mä groussaarteg Dokterthes vum "westfränkesche Krees". A senger Dokteraarbecht Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen huet hie sech fir d'West-Ost-Stréimungen an der europäescher Vëlkerwanderung agesat, an dat zousätzlech zu deem vum Süden aus gezeechente bekannte "rheinische Fächer", deen allgemeng ervirgehuewe gouf, a géint d'Opfaasung vun der Bonner Schoul, déi nëmmen op d' Ost-West-Stréimungen higewisen hat. Mat allméiglechen ethnokulturellen a sproochlechen Argumenter versicht de Bruch d'Thes vum groussen Abenteuer vun de Franken z'ënnerstëtzen. Engersäits wieren d' Ripuarier aus dem Nord-Osten de Rhäin an d'Musel erof bis an d'alemannescht Elsass an an d'Schwäiz komm. Anerersäits hätten d'Salier sech an Ost-West-Stréimunge duerch Nordeuropa beweegt an dann, no Süden hin, d' Île-de-France an de Paräisser Baseng vun haut besidelt, éier se nees, méi oder manner zweesproocheg, géint den Osten hi bis an d'Loutrengen an d'Saar virgestouss wieren. D'Franken hätten sech esou ëm d' 5. Joerhonnert erëm vereenegt (Clovis I. vu Frankräich!). E groussen Deel vun der Sproochegrenz a vun der méisproocheger Kultur an eise Géigenden léiss sech och domat erklären.
Dem imaginative Robert Bruch seng grandios Thes gouf ufanks vun däitschsproochege Spezialiste kritiséiert (Bach, Frings, Steinbach), mä si ass och begeeschtert vun aneren Experten vu Marburg (Mitzka) a Paräis (Fourquet, G. Zink) ugeholl ginn. Zu Lëtzebuerg ass se ganz gutt ukomm, esou datt se vill zur offizieller "mythescher" Opfaassung bäigedro huet, déi aus dem Land a senger Sprooch e "Land an der Mëtt", en "Etat d'entre-deux", en Uert von der "Koexistenz vun de romanesch a germanesche Welten", kuerz e "multikulturelle Mikrokosmos am Häerz vum Europa" mécht. Dës Mischkultur als "lëtzebuergescht Bestëmmungs- an Identitéitszeechen" géif sech dann och am Lëtzebuergeschen als spezifesche germaneschen Dialekt refletéieren, deen sech eng Hellewull vu romaneschen, wallouneschen a franséische Charakteristiken agegliddert hätt.
Dat ass näischt Aneschtes wéi eng Emblematiséierung vum Philolog an Dialektolog Robert Bruch, eng kulturpolitesch Konstruktioun, déi dacks mëssbraucht gouf a gëtt. (Cf. Jean-Paul Hoffmann: "Dëm Robert Bruch seng Geschicht vum Lëtzebuergeschen ass am Laf vun de Jorzéngten zu engem regelrechte Mythos ginn, - dëm Grënnungsmythos vun der sproochlecher Identitéit als där eegentlecher Basis vun deem, wat et heescht, Lëtzebuerger ze sinn").
Säi Wierk [änneren]
Säin Haaptwierk [änneren]
- Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen Teil 1-3, Luxemburg, Linden, 1953-1954 2 Bände. - Band 1: Teil 1. Das Zeugnis der Geschichte. Teil 2. Das Zeugnis der Luxemburger Mundarten. VIII-262 S. 1953. - Band 2: Teil 3. Das Luxemburgische im westfränkischen Kreis. VII-154 S. 1954. Publications littéraires et scientifiques du Ministère de l'Education nationale 1. 2.
Seng Kuerzgrammatik [änneren]
- Précis populaire de grammaire luxembourgeoise. Luxemburger Grammatik in volkstümlichen Abriß, Luxembourg, Linden, 1955 / 1956 / 1968 / 1973 123 pages (zweesproocheg; méi diachronesch orientéiert)
Seng Iwwersetzung [änneren]
- Dem Decimus Magnus Ausonius seng Rees op d'Musel op lëtzebuergesch erzielt, Luxembourg, Imprimerie Bourg-Bourger, 67 S., 1960
Posthum [änneren]
- Luxemburgischer Sprachatlas. Laut- und Formenatlas (herausgegeben von Ludwig Erich Schmitt, für den Druck vorbereitet von Jan Goossens). Publications Nationales du Ministère des Arts et Sciences. Marburg, Elwert, 16 S 175 Karten. (Am Internet: Digitaler Luxemburgischer Sprachatlas www.luxsa.info/ )
- Glossarium Epternacense. Spätalthochdeutsche Glossen aus Echternach. Tatsachen und Quellen, Wörter und Namen. Publications Nationales du Ministère des Arts et Sciences. Luxemburg, Linden, 1964/1965
- Bruch, R., Gesammelte Aufsätze. Hrsg von C. Hury und F. Hoffmann. Luxemburg, 1969. (Mat enger detailléierter Bibliographie vum Robert Bruch: 237-245)
Artikelen: Dialektologie [änneren]
(Bäiträg iwwer Literatur a pedagogesch Froe fënnt een och in: Hess J., Robert Bruch, Bulletin Linguistique et Ethnologique, Luxembourg, Institut Grand-Ducal..., fasc. 10 (1963), 42 à 50)
- 1949: La vélarisation ripuaire des occlusives dentales.
- Zur Diminutivbildung im Luxemburgischen.
- 1950: La famille <Back>, <Bootsch>, <Bok>.
- 1952: Die Mundart des Nordöslings.
- 1953: Luxemburger Linguistik.
- Mittelfränkische Relikte des Zwischenstadiums der Affrikata in der Lautverschiebung zur Spirans kraits <Kreis>.
- Les travaux de la Commission de rédaction du Dictionnaire luxembourgeois.
- Chemin de fer et patois. Essai de sémantique ferroviaire luxembourgeoise.
- 1954: Aspects linguistiques du Luxembourg.
- A cheval sur la frontière linguistique: un circuit francique en Europe occidentale (Orbis 3, 34-42).
- Luxemburger Sprache, Luxemburger Eigensinn.
- 1955: Die Lautverschiebung bei den Westfranken.
- Der Pflug in der Mundart.
- 1956: Miselesch. Kleiner Atlas der Luxemburger Mundarten.
- Sprache und Geschichte.
- Westfränkische Sprachströmungen in Mitteldeutschland.
- 1957: Sprachliches vom Grummet.
- 1958: Hol iwer! Sprachgrenzen und Mundartbrücken zwischen Eifel-Saargau, Lothringen und Luxemburg.
- 1963: Germanische und romanische ê- und ô- Diphtongierungen.**Siebenbürgen, End- und Höhepunkte westfränkischer Sprachexpansion.
- 1966: Die Mundart von Schässburg in Siebenbürgen".
Éierung [änneren]
Nom Robert Bruch ass e Gebai am Centre Culturel de Rencontre Neumünster an eng Stroos um Cents an der Stad benannt.
Bibliographie [änneren]
- Edouard Marc Kayser 2003: Robert BRUCH 1920-1959. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 417-418. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Bâtiment Robert Bruch L'Abbaye de Neumünster
