Robert Diligent

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
DiligentRobert(jonk).jpg
DiligentRobert(al).jpg
De Robert Diligent

De Robert Diligent, gebuer de 16. Juni 1924 zu Roubaix, a gestuerwen den 3. Januar 2014 zu Nice[1], war e franséische Journalist. Hie war ee vun de Matgrënner vun Télé Luxembourg a war och do den Direkter vun den Noriichten.

An den 1950er Joren huet de Robert Diligent seng Carrière bei Télé-Lille engem Regionalprogramm vun der RTF ugefaangen. 1955 huet hien zesumme mam Jacques Navadic d'RTF verlooss fir zu Lëtzebuerg bei der nei gegrënnter Televisiounschaîne vun der CLT d'Noriichten ze presentéiren. Dës goufen ufanks an engem Mini-Studio um Ginzebierg zu Diddeleng, direkt nieft dem Sendemast, produzéiert.[2] Méi spéit gouf dat an der Villa Louvigny gemaach.

De Robert Diligent huet bis 1984 de Journal de Télé-Luxembourg (spéider a JTL ëmgedeeft) presentéiert. Duerno huet hien nach bis 1993 déi vun him geschafen Emissioun "I Comme…", e Magazine, presentéiert.[3].

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Diligent raconte RTL TV" (Ed. Grancher, 1993)
  • Chatte de vie (Les éditions du panthéon, 1997)
  • Au paradis des chiens (Les presses du midi, 2001) ISBN 2-87867-307-7
  • Histoires vraies, pas vraies, presque vraies ou qui pourraient l'être (Éditions Bénévent, collection Mercuria, 2003)
  • La femme idéale (Les presses du midi, 2010).

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]