Robert Garcia

Vu Wikipedia
Robert Garcia
Gebuer 4. Mee 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei déi gréng

De Robert Garcia, gebuer de 4. Mee 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist a Politiker (Déi Gréng).

De Robert Garcia ass en Diplomingenieur a Sozialwëssenschaftler. Hie war ee vun de Matinitiateuren a Matgrënner vun der Gréng-Alternativer Partei a war Deputéierten an der Chamber fir déi Partei vun 1992 bis 2003. Ausserdeem war hie Matgrënner a Journalist (ënner dem Pseudonym Roga) an der Zeitung GréngeSpoun (haut woxx) a vum Radio Ara.

De 15. Oktober 2003 gouf hien zum Generalcoordinateur fir Lëtzebuerg a Groussregioun Europäesch Kulturhaaptstad 2007 nominéiert.[1] Hie war ee vun den Initiateure vun der Ausstellung All We Need.

Vun 2008 bis 2016 war hien Direkter vum Carré Rotondes zu Bouneweg.

De Robert Garcia gräift geleeëntlech op vu verschiddenen als Provokatioun empfonnten Aktiounen an Theesen zeréck, fir op gesellschaftlech Faiten opmierksam ze maachen: Sou huet hie seng éischt Ried an der Chamber op Portugisesch gehalen[2], oder d'Situatioun vu Frontalieren zu Lëtzebuerg mat dem südafrikaneschen Apartheidsregime verglach[3], fir op demokratesch Defiziter am Land hinzeweisen.

De Robert Garcia ass Papp vun zwou Duechteren.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Garcia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.gouvernement.lu/salle_presse/communiques/2003/10/15garcia/index.html
  2. Fernand Fehlen: "Portugiesisch im Parlament: Historische Geste oder schäbige Provokation?", in: forum 139, November 1992
  3. Sou op der Séance académique 25 Joer Gréng, 06.06.2008
  4. Memorial B N° 52 vun 1998 mat der Lëscht vun de Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn