Robert Krantz

Vu Wikipedia
Robert Krantz
Gebuer 1933
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Robert Krantz, gebuer 1933, ass e fréiere Schoulmeeschter am Complementaire zu Diddeleng (Lycée technique Nic-Biever) an Auteur.

Hien huet sech besonnesch mat der Vergaangenheet vu senger Heemechtsstad a mam Zweete Weltkrich beschäftegt. Hien intresséiert sech awer och fir den historesch-kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg.

De Robert Krantz ass zanter 1991 Membre effectif vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal, an zanter 1975 Membre correspondant vun der Historescher Sektioun vum selwechten Institut.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Düdelinger Chronik; 2 Bänn:
    • Band I (zesumme mam Léon Koerperich) - Aus dem Mittelalter in die Neuzeit (798-1907); Esch-Uelzecht, Imprimerie coopérative luxembourgeoise, 1980;
    • Band II (zesumme mam Léon Koerperich a mam Jean-Pierre Conrardy) - 75 Jahre Stadt Düdelingen (1907-1982) & 100 Jahre Düdelinger Hütte (1882-1982); Esch-Uelzecht, éditpress Luxembourg, 1982;
  • Das alte Luxemburg heute - ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock (800-1800); (zesumme mam Norbert Quintus); Lëtzebuerg, RTL Édition, 1984;
  • Notre patrimoine - Les dessins d'architecture du professeur Joseph Wegener; (zesumme mam Jemp Kunnert a mam Norbert Quintus); 3 Bänn, Lëtzebuerg, 1989;
  • Dudelange - Passé et présent d'une ville industrielle (zesumme mam Jean-Pierre Conrardy); 2 Bänn, erausgi vun der Diddelenger Gemeng a vun den Diddelenger Geschichtsfrënn ënner der Schiirmherrschaft vum Fonds culturel national a vun der ARBED; 1991 & 1992;
  • Luxemburgs Kinder unter dem Nazi-Regime. 1940 - 1944. Ein Dokumentarbericht; 3 Bänn:
    • Band I - Der Versuch einer ideologischen Umerziehung; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 1997, ill. 823 S. ISBN 2-87963-280-3
    • Band II - Erziehung zum Krieg; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2001, ill. 1043 S. ISBN 2-87963-370-2
    • Band III - "Auslese" für ein tausendjähriges Reich?; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2002, ill. 855 S. ISBN 2-87963-404-0
  • Die politische Satire gegen das Nazi-Regime. Witz, Spott, Humor und Karikatur in Luxemburg, mit Beiträgen von Paul Lesch und Fränk Schroeder; Esch-sur-Alzette, Éditions Kremer-Muller, 2010; 208 Säiten ill. ISBN 978-2-919978-11-3
  • Alex Wagner, politesche Schutzhäftleng am KZ Hinzert, Natzweiler-Struthof, Dachau: "Meng Memoiren aus der preisescher Besatzongszäit 1940-1945"; Luxembourg, Éditions du Rappel, L.P.P.D. - Comité Central, Imprimerie Centrale, 2010, ill. 220 S. ISBN 978-287978092-4

Weider Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Düdelingen im 17., 18. und 19. Jahrhundert; in: CSV Diddeléng - Akiounsprogramm fir d'Gemengewalen 1987 ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Dréckerei, 1987; Ss. 48-58; ill., Bibliogr.;
  • Aluminium aus Düdelingen (zesumme mam Léon Koerperich); in: Revue, 1969, n° 39, Ss. 34-37.
  • Die "gioventú del fascismo" in Luxemburg - Die Jugend im italienischen Fascismus; in: Hémecht, 53/2001, Heft 3 & Heft 4, a 54/2002, Heft 1.