Robert McNamara

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De McNamara 1967

De Robert Strange McNamara gebuer den 9. Juni 1916 zu Oakland (Kalifornien), a gestuerwen de 6. Juli 2009 zu - Washington D.C., war en US-amerikanesche Politiker an Economist.

De McNamara huet 1937 op der Universitéit vu Kalifornien Economie a Philosophie studéiert. 1943 koum e bei d'US Air Force. Duerno huet hie bei Ford geschafft, wou e sech bis zum President eropgeschafft huet. Vun 1961 bis 1968 war hie Secretary of Defense (Verdeedegungsminister ënner de Presidenten John F. Kennedy a Lyndon B. Johnson zu der Zäit vun der Kubakris an dem Vietnamkrich. Den 29. Februar 1968 ass hien zréckgetrueden, wéi d'amerikanesch Presenz am Vietnam ëmmer méi an d'Kritik koum.

Duerno war hie bis 1981 President vun der Weltbank.

Commons: Robert McNamara – Biller, Videoen oder Audiodateien