Robert Rauschenberg

Vu Wikipedia
Robert Rauschenberg
Pseudonym Rauschenbe
Gebuer 22. Oktober 1925
Port Arthur
Gestuerwen 12. Mee 2008
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland, USA
Educatioun Art Students League of New York,
Académie Julian,
University of Texas
Aktivitéit Fotograf, Moler, Sculpteur, Choreograph, Graveur, Designer, Graphiker, Bauzeechner, Bijousdesigner
Member vun American Academy of Arts and Letters, Royal Academy, American Academy of Arts and Sciences
"Riding Bikes" (1998) Berlin

De Robert Milton Rauschenberg, gebuer den 22. Oktober 1925 zu Port Arthur (Texas) a gestuerwen den 12. Mee 2008 zu Captiva Island (Florida), war en US-amerikanesche Kënschtler, deen un der Basis vun der US-amerikanescher Pop Art-Beweegung stoung.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Robert Rauschenberg ass an enger streng chrëschtlecher Famill opgewuess. Mat 18 Joer huet hien an engem Musée seng éischt Kontakter mat der Konscht kritt. Tëscht 1942 an 1945 war hie bei der US-Marinn an huet do seng Zeechentalenter entwéckelt. 1947 ass en op Paräis op d'Académie Julian studéiere gaangen. 1948 bis 1950 war hien an North Carolina um Black Montain College wou de Bauhaus-Spezialist Joseph Albers enseignéiert huet. 1949 bis 1952 huet e bei der Art Students League of New York säi Studium ofgeschloss.

Dem Rauschenberg seng Konschtrichtung huet sech an de Joren duerno vum Abstrakten Expressionismus zu der Pop-Art entwéckelt; hien huet Assemblagë gemaach, Biller gemoolt, sculptéiert, fotograféiert a Choreographië geschaf.

E puer bekannt Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Odalisk 1955-1958
  • Bed 1955
  • Monogram 1955-1959
  • Riding Bikes 1998.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Robert Rauschenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien