Robert Schuman

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Robert Schuman. Fir de Komponist, kuckt wgl. Robert Schumann.
Robert Schuman
De Robert Schuman 1958 bei der Iwwerreechung vum Karlspräis.
Gebuertsnumm Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman
Gebuer 29. Juni 1886
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. September 1963
Scy-Chazelles
Nationalitéit Frankräich, Däitschland
Educatioun Universitéit vu Stroossbuerg,
Universitéit Bonn,
Humboldt-Universitéit Berlin,
Universitéit vu München,
Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Affekot
Partei Mouvement républicain populaire
Säi Gebuertshaus an der Rue Jules-Wilhelm.

De Robert Schuman, gebuer den 29. Juni 1886 am Faubourg Clausen an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 4. September 1963 zu Scy-Chazelles bei Metz, war e franséische Politiker.

Als franséischen Ausseminister huet de Schuman d'Grënnung vun der CECA, der éischter Europäescher Communautéit, an d'Weeër geleet (kuckt: Schuman-Deklaratioun). Spéider war de Schuman President vum Europäesche Parlament. Hie gëllt, mam Jean Monnet, als ee vun de Grënnungspäpp vun der Europäescher Unioun.

Liewenslaf[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman koum 29. Juni 1886 a Clausen op d'Welt. Säi Papp war de Jean-Pierre Schuman, e Loutrenger vun Évrange, direkt hanner Fréiseng, a seng Mamm war d'Eugenie Duren (1864-1911), enger gebierteg Beetebuergerin.[1] Well Loutrengen déizäit deelweis däitsch war hat de Robert Schuman bis nom Éischte Weltkrich déi däitsch Nationalitéit.

Vun 1896 - 1903 war hie Schüler am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg, wou hie seng Première gemaach huet. An dëser Zäit gouf hien een aktive Member an der pennaler "Landsmannschaft" a studentescher "Ferialverbindung" Amicitia Luxemburgensis, déi de 4. September 1890 am Noperquartier Pafendall gegrënnt gi war. Ee Joer méi spéit huet hien déi däitsch Première (Abitur) um keeserleche Gymnasium zu Metz gemaach.

1904 huet en e Studium op der Uni Bonn ugefaangen, an an de Joren duerno huet en Droit zu München, Berlin a Stroossbuerg studéiert. Wärend sengem Studium war hien ëmmer aktive Member an der lokaler Studenteverbindung vum Verband der Wissenschaftlichen Katholischen Studentenvereine Unitas, esou ë. a. an der bekannter Unitas-Salia Bonn. 1908 huet hien den éischte Staatsexamen an e Stage (Referendariat) zu Metz gemaach. 1910 krut hien d'Promotioun als Dr. iur. "summa cum laude".

1911 ass seng Mamm gestuerwen, an de Schuman huet mam Gedanke gespillt, Paschtouer ze ginn. Mä et kënnt ganz anescht: 1912 huet hien den zweete Staatsexamen gemaach a gouf Affekot zu Metz.

1913 war de Schuman President vun der Organisatioun vum Däitsche Katholickekongress zu Metz.

Vun 1914 bis 1918 huet en zu Boulay an der Sous-préfecture geschafft a gouf 1918 Member vum Metzer Gemengerot.

Nodeem Elsass-Loutrengen 1919 erëm franséisch gouf, krut en d'franséisch Nationalitéit a war, vun 1919 bis zu senger Verhaftung 1940 duerch d'Gestapo, Deputéierte fir d'Union Republicaine Lorraine an der Assemblée Nationale, dem franséische Parlament.

Vun 1928 bis 1936 war de Schuman President vun der parlamentarescher Kommissioun 'Alsace-Lorraine', zäitweileg och Vizepresident vun der Assemblée Nationale.

Vun 1940 bis 1942 souz hien zu Metz an zu Neustadt an der Weinstraße am Prisong, mä konnt vun do fortlafen an ënnerdauchen.

Nom Krich 1945 war hien op en Neits Deputéierten am franséische Parlament, als President vun der Finanzkommissioun.

1946 gouf de Schuman Finanzminister a vun 1947 bis 1948 Ministerpresident vu Frankräich.

Vun 1948 bis 1952 war de Schuman Ausseminister an aacht Regierungen, déi ni laang gehalen hunn.

Den 9. Mee 1950 koum et zur historescher Schuman-Deklaratioun fir Europa nei opzebauen, andeems mat der CECA sollt ugefaange ginn. D'Zil wier eng Federatioun vun Europa. Den 18. Abrëll gëtt de CECAs-Traité zu Paräis ënnerschriwwen.

1952 gouf d'Europäesch Communautéit fir Stol a Kuel Wierklechkeet, mä seng Virstellungen iwwer eng Europäesch Communautéit ass villen a Frankräich ze wäit gaangen an hien huet misse säin Amt néierleeën.

1953 gouf d'Stroossbuerger Konventioun fir Mënscherechter a biergerlech Grondfräiheeten, déi vum Schuman maassgeeblech mat ausgeschafft gouf, vu 26 europäesche Staaten ënnerschriwwen.

1955 war de Schuman Justizminister.

Vun 1953 bis 1958 huet hien eng Rëtsch Virträg a ganz Europa gehalen, fir Ënnerstëtzung vu senger Iddi vun engem gëeenten Europa ze fannen.

D'Graf vum Robert Schuman an der Kierch zu Scy-Chazelles mat de Fändele vun de Länner aus der Europäescher Unioun

Vun 1958 bis 1960 war de Schuman zum President vum Europäesche Parlament. D'Traitéë vu Roum vun 1957 hunn Europa op dee Wee zeréckgefouert, deen de Papp vun Europa schonn a senger Deklaratioun vum 9. Mee 1950 ageschloen hat.

1958 krut hien de Karlspräis vun der Stad Oochen an 1959 den Erasmus-Kulturpräis zesumme mam Karl Jaspers.

De Robert Schuman ass de 4. September 1963 zu Scy-Chazelles gestuerwen. No engem feierleche Läichendéngscht an der Kathedral vu Metz gouf hien um Kierfecht vu Scy-Chazelles begruewen. 1966 goufe seng stierflech Iwwerreschter an d'Kierch Saint-Quentin transferéiert. Just nieft der Kierch, steet d'Haus an deem hie bis zur Lescht gewunnt huet. Haut ass e Musée an deem Haus.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den 13.Juli 1949 gouf hie vum Buergermeeschter Émile Hamilius zum Éierebierger vun der Stad Lëtzebuerg ernannt.[2]

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir zu Lëtzebuerg un de Robert Schuman z'erënneren sinn eng Plaz an eng Rei Stroossen no him benannt: zu Beetebuerg, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Hielem, op der Kockelscheier, zu Ollem, Péiteng, Schuller, Zolwer an an der Stad. Ausserdeem droe e Verwaltungsgebai an eng Spidolsgrupp säin Numm.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Besch, A., 2017. Die familiären Wurzeln von Robert Schuman. In: Beetebuerg am Laf vun der Zäit - Notizen iwwer d'geschichtlech Entwëcklung vu Beetebuerg, Fenneng, Hunchereng, Näerzeng an Obeler, Band VI. Beetebuerg, Geschichtsfrënn vun der Gemeng Beetebuerg, S. 64-73.
  • Haag, Emil: Robert Schuman *1886 1963: son empreinte luxembourgeoise In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 456-465); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • Trausch, G., 1995. Robert Schuman et le Luxembourg. Quelques réflexions critiques. In: Un passé resté vivant. Mélanges d'histoire luxembourgeiose. Lions Club Luxembourg Doyen. S. 143-154. ISBN 2-87982-059-6. (Fir d'éischt publizéiert am Luxemburger Wort vum 28. Juni 1986).
  • Majerus, Jean-Marie 2003. Robert SCHUMAN 1886-1963. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 351-353. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Sangaletti, Cedric, 2008. Robert Schuman. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 127-132. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Schuman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Besch 2017, S. 66 an 68.
  2. LW vum 14.07.1949 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-10-21.