Robert Stawell Ball
De Sir Robert Stawell Ball, gebueren den 1. Juli 1840 zu Dublin a gestuerwen de 25. November 1913 zu Cambridge war en ireschen Astronom, Mathematiker a Verfaasser vu populärwëssenschaftleche Bicher.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Liewen a Wierken
De Robert Stawell Ball koum als Jong vum Robert Ball (1802–1857) zu Dublin op d'Welt. Säi Papp war Naturfuerscher a President vun der Geological Society of Ireland. De Robert Stawell Ball hat d’Schoul Tarvin Hall besicht an hat duerno um Trinity College zu Dublin studéiert.
1865 gouf hie Privatschoulmeeschter fir d'Kanner vum Lawrence Parsons, 4. Earl of Rosse (1840–1908), woufir hien als Géigeleeschtung Zougank zum Teleskop an Observatoire vum William Parsons, 3. Earl of Rosse|William Parsons (1800–1867) zu Parsonstown bekoum. D'Teleskop vu Parsons war deemols dat gréisst vun senger Art weltwäit. An dëser Zäit observéiert de Ball etlech Niwwelobjete; hien entdeckt véier nei Spiralniwwel. Doniewent hëlleft hie mat mathematesche Mëttelen, d’Teleskop nach bei genee ze maachen.
1867 ass de William Parsons gestuerwen; De Ball gouf Professer fir Mathematik (Professor of Applied Mathematics and Mechanics) um „Royal College of Science“ vun der Universitéit Dublin. 1874 gouf hie Andrews Professor of Astronomy un der Universitéit Dublin a krut gläichzäitig den Titel Royal Astronomer of Ireland. Diës Plaz hat hie bis 1898. 1892 gouf hien dann Professer fir Astronomie a Geometrie („Lowndean Professor of Astronomy“) un der University of Cambridge an Direkter vum Observatoire vun der Universitéit. Als Professer fir Astronomie ass hien deem berühmten Astronom John Couch Adams (1819–1892) gefollegt, deen de Planéit Neptun entdeckt hat. De Posten hat hie bis zu sengem Doud am Joer 1913. Vun 1877 bis 1880 war hie Sekretär, vun 1885 bis 1892 gewielte Vizepresident vun der Royal Irish Academy. 1890 gouf hie gewielte President vun der Royal Zoological Society.
De Ball hat eng Reih erfollegräicher populärwëssenschaftlecher Bicher zu der Astronomie geschriwwen. Säin Haaptinteressi hat der Mathematik gegollt; e groussen Deel vu senger Fräizäit hat hie senger „Schrauwentheorie“ gelooss.
[änneren] Wierker
- Experimental Mechanics. 1871.
- The Theory of Screws: A Study in the Dynamics of a Rigid Body. 1876.
- A Story of the Heavens. 1886.
- The Story of the Sun. 1893.
- A Treatise on the Theory of Screws. 1900.
- A Treatise on Spherical Astronomy. 1908.
[änneren] Éierunge
1873 gouf de Ball zum Member vun der Royal Society of London ernannt. 1886 gouf hien zum „Chevalier“ geschloen.
[änneren] Um Spaweck
- (en) Kurzbiographie bei nahste.ac.uk
- Klima-Luft.de
- Eintrag im Archiv der Royal Society