Robert Weber

Vu Wikipedia
Robert Weber
Gebuer 5. Mäerz 1955
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei CSV

De Robert Weber, gebuer de 5. Mäerz 1955 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker (CSV).[1]

Hie war vun 1996 bis den 3. Oktober 2011 President vum LCGB.

Vun 1997 bis 2000 war hie President vum Conseil économique et social.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 gouf hien zum Deputéierte fir de Südbezierk gewielt. Nodeem e bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 net méi erëmgewielt gouf, huet hie sech aus der Politik zeréckgezunn.[2]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Robert Weber op der Websäit vun der Chamber
  2. "De Robert Weber zitt sech aus der Politik zréck." RTL.lu - 21.10.2013, 11:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.10.2013, 10:55.
  3. Rapport d'activité vum Ministère d'Etat vun 2002 op gouvernement.lu