Robert Weides

Vu Wikipedia
Robert Weides
Gebuer 16. Mäerz 1943
Gestuerwen 17. Dezember 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist, Jurist

De Robert Weides, gebuer de 16. Mäerz 1943 a gestuerwen de 17. Dezember 2013,[1] war e lëtzebuergesche Jurist an Ekonomist.

De Robert Weides huet seng universitär Studië mat engem Doktorat an Droit an engem Diplom vum Institut d'études politiques vu Paräis ofgeschloss. Duerno huet hie fir kuerz Zäit als Affekot geschafft.[2]

Hien huet vun 1969 bis 2003 beim Statec geschafft, wou en 1990 den Nofollger vum Georges Als als Direkter gouf an dat bis zu senger Pensioun 2003 blouf.[3]

Hien huet sech besonnesch dofir agesat, ekonomesch Donnéeën ze verëffentlechen, well déi och Anerer wéi just de Staat intresséiere géifen, a war Auteur vun iwwer 50 Publikatiounen iwwer Konjunktur-Analysen.[2][3]

De Robert Weides ass de Brudder vum Journalist Fernand Weides.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Décès de Monsieur Robert Weides, directeur honoraire du STATEC." Communiqué op statistiques.public.lu, 17-12-2013.
  2. 2,0 2,1 "Décès de Monsieur Robert Weides, directeur honoraire du STATEC." lequotidien.lu, 2013-12-18 15:07:00.
  3. 3,0 3,1 "Ehemaliger Statec-Direktor Robert Weides gestorben." wort.lu, 18.12.13 20:37.