Robert Wilhelm Bunsen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Robert Wilhelm Eberhard Bunsen, gebuer den 30. Mäerz 1811 zu Göttingen, a gestuerwen de 16. August 1899 zu Heidelberg, war en däitsche Chemiker.
Hien huet zesumme mam Gustav Robert Kirchhoff d'Spektralanalys entwéckelt, mat där déi chemesch Elementer héichspezifesch kënnen nogewise ginn. Hien huet och deen no him genannte Bunsenbrenner perfektionnéiert an d'Bunsenelement an de Bunsen-Fotometer erfonnt.
Ee vun dem Bunsen senge Studenten war de Léon Namur vun Iechternach.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Robert Bunsen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
