Robert Woodrow Wilson

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Robert Woodrow Wilson (lénks) mam Arno Penzias.

De Robert Woodrow Wilson, gebuer den 10. Januar 1936 zu Houston, Texas, ass een US-amerikanesche Astronom, Physiker a Nobelpräisdréier fir Physik. De Wilson huet op der Rice University an am California Institute of Technology studéiert .

1978 krut hien zesumme mam Arno Penzias den Nobelpräis fir Physik fir "d'Entdeckung vun der kosmescher Mikrowellen-Hannergrondstralung" (engl.: Cosmic Microwave Background, CMB).

Dës Entdeckung hunn déi zwéin duerch Zoufall am Joer 1964 bei de Bell Laboratoiren zu Holmdel, New Jersey gemaach, wou si un enger neier Aart vun Antenne geschafft hunn. Si hunn een Hannergrondrauschen an der Äerdatmosphär entdeckt, dat si sech net erkläre konnten. Nodeem si d'Antenn vum Dauwendreck gebotzt haten, war d'Rauschen awer net fort war, an et gouf am Endeffet als kosmesch Hannergrondstralung identifizéiert. Dëst gëtt als en experimentelle Beleeg vun der Urknall-Theorie opgefaasst.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie