Roberto Traversini

Vu Wikipedia
Roberto Traversini
Gebuer 3. Januar 1963
Cantiano
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng

De Roberto Traversini, gebuer den 3. Januar 1963 zu Cantiano (Italien), ass e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng). Vu Beruff ass hie Gemengebeamten.

Theemen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Roberto Traversini seng Politik konzentréiert sech virun allem op d'Ëmwelt, d'Jugend an de Logement. Nach ier hien an d'Politik gaangen ass hat hie schonn eng sozial Oder. Sou war hie Matgrënner vum CIGL (centre d'initiative et de gestion locale) Déifferdeng, vun deem en och vun 2011 bis September 2019 President war[1], wéi och vum Jugendtreff SABA Déifferdeng oder vun der Entente des gestionnaires des maisons jeunes[2].

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

No de Gemengewalen 2005 koum de Roberto Traversini an den Déifferdenger Gemengerot, fir ee Joer drop éischte Schäffen ze ginn. Am Januar 2014 huet hien dunn de Claude Meisch (DP), dee Minister gouf, als Buergermeeschter ersat[3]. Bei de Gemengerotswalen 2017 krut hien iwwer 5000 Stëmmen, a seng Partei ass vun 3 op 7 Sëtz geklommen. Et koum zu enger Koalitioun mat der CSV. Den 20. September 2019 ass hien, wéinst Irregularitéite bei Aarbechten un enger Immobilie a sengem Besëtz, wéi och ronderëm där hir Ëmklasséierung am PAG, zeréckgetrueden[4].

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

De Roberto Traversini ass no de virgezunne Chamberwale vum 20. Oktober 2013 als Kandidat am Walbezierk Süden an d'Chamber 'nogerëtscht', nodeem de Félix Braz Minister gouf. Sou gouf hien den éischte Lëtzebuerger Parlamentarier deen am Ausland vun auslänneschen Eltere gebuer ass[5]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt[6]. Hie war Vizepresident vun der Commission des pétitions an der Chamber[7].

Am Oktober 2019 ass hien am Kader vun der sougenannter Gaardenhaischenaffär vu sengem Posten zeréckgetrueden. D'Semiray Ahmedova ass fir hien an d'Chamber nogeréckelt[8].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gaardenhaischenaffär.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roberto Traversini – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Interview mit Herrn Roberto Traversini, Präsident des CIGL Differdange." 30/08/11 op cigl.lu.
  2. Qui est Roberto Traversini wort.lu
  3. "Roberto Traversini neie Buergermeeschter zu Déifferdeng" rtl.lu, 14.01.2014, 10:00.
  4. "Roberto Traversini tritt zurück." wort.Lu, 20-09-2019.
  5. Biographie Paperjam.lu
  6. elections.lu
  7. Fiche op chd.lu
  8. "Traversini trëtt als Deputéierten zeréck, Ahmedova soll noréckelen." rtl.lu, 02-10-2019.