Rocas Atoll

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Brasilien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Rocas Atoll ass en Atoll am Atlantik deen zum brasilianesche Bundesstaat Rio Grande do Norte gehéiert.

Den Atoll ass en Deel vun engem Naturschutzgebitt, dat zanter dem Joer 2001 als Naturdenkmal op der UNESCO-Lëscht vum Weltierwe steet. An deem Naturschutzgebitt liewe vill verschidde Schildkröten, Haien, Delfinen a Séivullen. Den Atoll selwer besteet zum gréissten Deel aus Korallen a rouden Algen.

Den Atoll huet d'Form vun enger Ellipse an ëmfaasst 7,5 km². Déi grouss Achs ass 3,7 km laang an déi kleng 2,5 km.

Koordinaten: 03° 52’ 00’’ S 33° 49’ 00’’ W

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rocas Atoll – Biller, Videoen oder Audiodateien