Rocherath
Rocherath mécht mat Krinkelt eng duebel Uertschaft Rocherath-Krinkelt déi am däitschsproochengen Oste vun der Belsch läit, no un der Grenz mat Däitschland.
Rocherath (am Dialekt Róchert) läit an der Gemeng Büllingen (Provënz Léck), am belschen Deel vun der Äifel op ronn 650 m i. NN, a ronderëm leie vun Nordweste bis an den Osten iwwerall grouss Bëscher. Op der Säit vu Krinkelt (am Dialekt Krénkelt) leien d'Uertschafte Wirtzfeld, Mürringen a Büllingen, Höfen/Monschau an Hollerath/Hellenthal. Dernieft läit och den Manöverterrain vun der NATO, d'Lager Elsenborn.
Zu Rocherath gëtt et zwéi Baachdäller, déi als Naturschutzgebidder klasséiert sinn; de Schwalmbachtal, och nach Perlenbachtal genannt, an den Olefdall. Am Fréijor stinn do d'Wise voller Narzissen.
Verwaltungsméisseg gehéiert Rocherath zu:
- der Gemeng Büllingen
- dem Geriichtsbezirk Eupen (Friddensgeriicht St.Vith)
- der Däitschsprocheger Communautéit vun der Belsch
- der Provënz Léck
- der Wallounescher Region
[änneren] Kierch
Eng Kapell déi 1704 gebaut gouf ass 1907 duerch méi eng grouss Kierch ersat ginn, déi am Zweete Weltkrich sou stark gelidden hat, datt eng nei huet missen opgeriicht ginn. Op hirer Plaz gouf 1953-54 déi haiteg neoromanesch Parkierch opgericht.
An der Kierch steet eng Stahlhut-Uergel vun 1969.
D'Kierch läit op enger Héicht vu 645 m an ass domat déi héchstgeleeë Kierch an der Belsch.
[änneren] Literatur
- 1904 - Der fränkische Königshof Büllingen (Pfr. A. Ortmanns)
- 1986 - The Battle of the Twin Villages (William C.C. Cavanagh)
- 1990 - Altes Land an der Work. Der Königshof Büllingen im Rückspiegel der Zeit
- 1993-1996 - Leben und Feiern auf dem Lande. Die Bräuche der belgischen Eifel, 3 Bände (C. Lejeune), v.a. Bd. 3: Auf dem Weg in die Moderne
- Schicksalsgemeinschaft im Schatten des Dreiherrenwaldes. Einblicke in die Vergangenheit von Rocherath-Krinkelt, Büllingen 1993, 290 S. (vergraff)
- In ständigem Aufbruch: Pfarre Rocherath-Krinkelt 1803-2003, Eupen 2003, 380 S.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Rocherath – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Commons: Krinkelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Geschichtlechen Iwwerbléck
- 2. US-ID zu Rocherath-Krinkelt am Dez. 1944
- Kämpf an Evakuéierung 1944-45
- Homepage vun der Geschichtsgrupp Rocherath-Krinkelt
Fotos: