Rockhal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Rockhal vu vir

D'Rockhal, offiziell Centre de musiques amplifiées, ass e Gebai op der Industrie-Frichë vun Esch-Belval zu Esch-Uelzecht, dat vum Établissement public Centre de musiques amplifiées geféiert gëtt.

D'Rockhal besteet aus 4 Deeler:

  • dem Grousse Sall mat enger maximaler Publikumscapacitéit vu 6500 Stéiplaazen oder 2800 Sëtzplaazen op enger Fläch vun 2625 m²
  • dem Klenge Sall (Club) mat enger maximaler Publikumscapacitéit vu 1200 Stéiplaazen op enger Fläch vun 560 m²
  • enger Brasserie, dem Rockhalcafé, wou och méi kleng Concerten kënnen oofgehale gin
  • engem Centre de ressources mat 6 Proufräim, engem Studio an enger Mediathéik fir Museker oder Museksgruppen

Se ass den 23. September 2005, als dat éischt neit Gebai op Belval, mat engem Gratis-Concert vun The Prodigy, a Presenz vum Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa ageweit ginn.[1]

Architektebüro vum Gebai war BENG Atelier d'architecture.

Zënterhier sinn eng sëllechen Artisten a Bands do opgetrueden, dorënner:

Anastacia, Ayo, Bénabar, Chuck Berry, Joe Cocker, Paolo Conte, Daft Punk, Depeche Mode, Bob Dylan, Evermore, David Guetta, Joe Jackson, Al Jareau, Jethro Tull, Tom Jones, Judas Priest, B B King, Kiss, Mark Knopfler, Lenny Kravitz, Lady Gaga, Avril Lavigne, Linkin Park, LMFAO, Marilyn Manson, John Mayall, Kylie Minogue, Moby, Monteviodeo, Moof, Muse, Nickelback, Nightwish, Sean Paul, Pet Shop Boys, Pink, Prince, Sean Paul, Katy Perry, The Pussycat Dolls, Queen + Paul Rodgers, Rammstein, Chris Rea, Lou Reed, Rihanna, Santana, Scorpions, Selah Sue, Simply Red, Slash, Slipknot, Smashing Pumpkins, Gwen Stefani, Sting, Sum 41, Billy Talent, Them Crooked Vultures, Tokio Hotel, Die Toten Hosen, Dweezil Zappa, ...

An den éischte fënnef Joer zënter se op ass, goufen an der Rockhal 550 ëffentlech Evenementer organiséiert an et sinn iwwer 500.000 Leit do passéiert.[2]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. "Inauguration de la Rockhal". gouvernement.lu
  2. "5 Joer Rockhal: De 25. September fänken d'Festivitéiten un." rtl.lu 14.09.2010, 06:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 14.09.2010, 08:09.