Roer (Floss)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Floss Roer. Fir dat fréiert franséischt Departement, kuckt wgl. Departement Roer
Roer
D'Roer zu Monschau
Längt 164,5 km
Debit 25,0 m³/s
Hydrographesche
Baseng
Rhäinbaseng
Fläch vum Baseng 2.340 km²
Originn
Plaz Petite Hesse
(Signal de Botrange)
Héicht 660 n
Koordinaten 50° 29’ 56’’ N
      06° 06’ 35’’ O
Konfluenz
Leeft an Meuse
Plaz Roermond
Héicht 15 m
Koordinaten 51° 11’ 48’’ N
      05° 58’ 54’’ O
Geographie
Land Belsch
Däitschland
Holland
Regioun Héicht Venn
Äifel
D'Roer zu Roermond vum Fëschmaart aus gesinn

D'Roer ass e belsch-däitsch-hollännesche Floss deen zum Anzuchsgebitt vun der Meuse gehéiert. An der Belsch schreift se sech Rour, an Däitschland Rur, an an Holland Roer. Ausgeschwat gëtt se iwwerall d'selwecht: "Rur".

D'Roer ass 165 km laang an entspréngt an der Belsch am Héije Venn net wäit ewech vum Signal de Botrange um Flouer Petite Hesse op enger Héicht vu 660 m.

No knapps 12 km ass d'Roer op der däitscher Grenz wou se dann duerch Monschau (fr: Montjoie) leeft. Si fléisst ronderëm d'Regioun vun Oochen.

Bei Einruhr gëtt se fir d'éischt hanner engem Staudamm zeréckgehalen deen hiert Waasser an dat vun der Urft staut. Et ass dëst den Ieweschte Séi vun der bekannter Rurdallspär.

Duerno leeft se zesumme mat der Urft an de grousse Séi vun der Dallspär. No dësem Openthalt leeft se no Norde virun a Richtung Düren, fir dann duerno tëscht Effeld a Vlodrop an Holland ze lafen. Hei brauch se nach ongeféier 12 km éier se op Roermond kënnt, wou se sech am Ufank vun der Uertschaft an zwéin Äerm deelt, vun deenen een ënner dem Numm Hambeek an d'Meuse leeft. Deen anere leeft op den Zentrum zou an deelt sech dann och nach am Quartier Sint Jacob fir da weider laanscht de Fëschmaart a Richtung Meuse ze lafen, an där se dann no ronn 300 Meter verschwënnt.

An Holland huet se nach dem Duerf Roerdalen hiren Numm hannerlooss, grad sou wéi der Stad Roermond.

Tëscht 1795 an 1815 hat d'Roer och engem franséischen Departement den Numm ginn.

Si soll net verwiesselt gi mat der Ruhr, obschonn se fréier genee d'selwecht geheescht huet. Fir déi zwéi Flëss net mateneen ze verwiesselen, ass an Däitschland zanter 1900 den Numm geännert ginn an den h bei der Roer (Rur) ewechgelooss ginn.

Déi wichtegst Nieweflëss vun der Roer sinn d'Worm, d'Inde an d'Urft.

Zoustänneg fir d'Roer ass de Waasserverband Eifel-Rur (WVER). Vun der EU ginn Héichwaasserschutz- a Renaturéierungsprojetë vum WVER un Inde- a Roerauen ënner dem Projetsnumm RIPARIA gefërdert. Sou gouf schonn am Beräich Körrenzig en alen Aarm integréiert an en natierleche Réckhalraum nees hiergestallt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Département de la Roer: Vu 1798 bis 1814 war ënner der franséischer Besatzung d'Département de la Roer entstanen. D'Haaptstad dovu war Oochen. Weider Arrondissementer ware Cleve, Crefeld a Köln. D'Kantonen am Beräich vun der Roer waren Düren, Erkelenz, Eschweiler, Froitzheim (haut Vettweiss), Geilenkirchen, Gemünd (haut Schleiden), Heinsberg, Jülich, Kerpen, Linnich, Montjoie an Zülpich.

Zweete Weltkrich: Am Zweete Weltkrich war d'Roer Enn 1944 / Ufank 1945 d'Frontlinn, si gouf vun däitscher wéi vun alliéierter Säit "Rurfront" genannt. Am November 1944 koum et zu enger Panzerschluecht bei Linnich un déi de Gedenkstee beim Hubertuskräiz erënnert. Als Ofwiermoossnam géint d'Alliéiert goufen den 10. Februar d'Grondofflossstolle vun der Rurtalspär gesprengt. Den 23. Februar 1945 konnt d'102. US-Infanterie Divisioun bei Düren endlech iwwer d'Roer kommen, obwuel si schonn de 4. Dezember 1944 Linnich ageholl haten.

Stied an Dierfer laanscht d'Roer[änneren | Quelltext änneren]


Rurlauf bei Hückelhoven
Panorama vun der Roer bei Hückelhoven

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

D'Roer ass e Kanuparadäis. Bei Monschau fënnt een am Fréijoer Wëllwaasser, an tëscht Düren a Linnich souwéi Linnich an der hollännescher Grenz kann een d'ganzt Joer iwwer Kanuwanderen.

Nieft dem Floss verleeft tëscht Heimbach um Rurséi an der hollännescher Grenz e Vëloswee. Well d'Rurdallbunn och Vëloen transportéiert, ass besonnesch d'Streck tëscht Düren a Linnich interessant, well een net zeréckfuere muss.

Zu Jülich alimentéiert d'Roer de Gruef vun der restauréierter napoleonescher Festung de Brückenkopf Jülich, dee gläichzäiteg en Deel vum Erhuelungsgebitt Brückenkopf-Park ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse
Commons: Rur – Biller, Videoen oder Audiodateien