Roger Behm
De Roger Behm, gebuer de 25. Mäerz 1929 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 30. November 2005, war e lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.[1] A senger aktiver Carrière huet hien 125 Kämpf ausgedroen: 22 Néierlagen, aachtmol Remis a 95 Victoiren. Hie war vun 1946 bis 1953 Lëtzebuerger Landesmeeschter.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London am Bantamgewiicht vertrueden, wou hie géint den irlännesche Meeschter Willi Linehan verlueren huet.[2]
Duerno huet hien als Profiboxer fënnefmol gewonnen, dräimol verlueren an dräimol e Remis erreecht. Et ass ze bemierken datt de Roger Behm als eenzege Lëtzebuerger vum bekannten Amerikanesche Boxjournalist Nat Fleischer am Boxmagazine The Ring, an der Editioun vum Juli 1950, an engem Artikel vun drësseg Zeile positiv beschriwwe ginn ass. Ënner enger Foto vun him stoung "Luxembourg has a good -Cooking feather- weight youngster in Roger Behm".[3]
No senger aktiver Carriére gouf hien Trainer a sengem Veräin Boxing Club Le Gant d'Or Luxembourg a war och nach zéng Joer Masseur am Fussballveräin Union Lëtzebuerg.
Kuckt och [änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen [änneren]
Fernand Backes | Roger Behm | Fernand Ciatti | Ray Cillien | Gaston Diederich | Franz Ehringer | Pierre Feidt | Jean Flammang | Jim Graser | René Grün | Ray Hack | Jean Kieffer | Émile Konter | Gusty Laurent | Bruno Mattiussi | Michael Maurer | Ray Philippe | Albert Nuss | Georges Pixius | Willy Prinz | Robert Rausch | Butz Reiff | Léon Roller | Mathias Sancassiani | Fred Serres | Jean Serres | François Sowa | Jules Steichen | Alfred Stuermer | Ernest Toussaint | Jean Welter | Jeannot Welter | André Wollscheidt