Roger Gerson

Vu Wikipedia
Roger Gerson
Gebuer 11. Juni 1913
Gestuerwen 17. Dezember 1966
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Roger Gerson, gebuer den 11. Juni 1913 zu Dikrech a gestuerwen de 17. Dezember 1966 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler.

No der Handwierkerschoul um Lampertsbierg ass hien nach op d'École des arts décoratifs zu Stroossbuerg an op d'Académie royale des beaux-arts de Bruxelles gaangen. Hien huet och nach Konscht zu Wien studéiert.

Vill vu senge Biller stelle Landschaften am Éislek duer. De Maurice Cosyn konnt hien als jonke Kënschtler fir eng "brillante collaboration" gewannen, der Illustratioun vu sengem Touristeguide iwwer Klierf[1], an dem follgend Zeechnungen a Biller vum Gerson ze fanne sinn: Schlass Klierf, Schlass Wëlwerwolz, Louspäicher un der Klierf, Benediktinerabtei Klierf, Schibbreg an d'Kierche vun Holler, Housen, Munzen a Wäicherdang.[2]

De Roger Gerson war e fräischaffende Kënschtler. Hien hat vill Ausstellungen zu Lëtzebuerg an och am Ausland.

Kuerz virun enger Ausstellung zu Péiteng mat sengen neiste Wierker ass de Roger Gerson un engem Häerzschlag a sengem Atelier an der Neipuertsgaass an der Stad Lëtzebuerg am Alter vun 53 Joer gestuerwen.

Senger Biller sinn an de Konschtsammlunge vun der Stad Lëtzebuerg a vun der Stad Dikrech ze fannen. Eng ganz Rei Biller vum Roger Gerson sinn a Privatkollektiounen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Cosyn 1934 an der Literatur.
  2. Cf. Jacoby 2000 an der Literatur.