Roger Manderscheid
De Roger Manderscheid, gebuer den 1. Mäerz 1933 zu Izeg, a gestuerwen den 1. Juni 2010 [1] war e lëtzebuergesche Schrëftsteller. Hien huet op Däitsch a Lëtzebuergesch Romaner, Gedichter, Theaterstécker, Héierspiller, Dréibicher an Erzielunge geschriwwen a war och als Zeechner aktiv.
Bekannt gouf e virun allem fir säin Dréibuch vu Stille Tage in Luxemburg (1973), e Portrait vun der Stad Lëtzebuerg, an deem e mat kriteschen an ironesche Commentairen net gespuert huet an dat dofir fir munnech Kritik gesuergt huet, a fir seng Romantrilogie Schacko Klak - De Papagei um Käschtebam - Feier a Flam (1988-1995), eng Zort Bildungsroman-Serie, an där d'Kandheet an d'Jugend vum Haaptpersonnage Christian Knapp verzielt gëtt, an déi munnech autobiographesch Elementer opweist.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen [änneren]
Vun 1946-1952 goung de Roger Manderscheid an de Stater Kolléisch, an no sengem Premièresexamen war hien dräi Méint laang Stagiaire als Schoulmeeschter. Vun 1953-1956 war hien Reserve-Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi a vun 1956-1973 Fonctionnaire bei der Eisebunn, dunn um Ministère du Travail. Tëscht 1973 an 1993 war de hie Fonctionnaire um Ministère de la Culture.
De Roger Manderscheid war Member vum däitsche PEN-Club an Éirepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV). 2000 war hien ee vun de Matgrënner vun den Éditions ultimomondo.
No sengem Doud krut de Passage niewent dem Kapuzinertheater, deen d'Theaterplaz mat der Kapuzinerstrooss verbënnt, den Numm Passage Roger Manderscheid.
Säi Wierk [änneren]
- Der taube Johannes. Erzielungen, Lëtzebuerg: Luja-Beffort, 1963.
- Die Glaswand. Hörspill, Esch-Uelzecht, 1966.
- Statisten: 3 Hörspiller. Radiografie, Buergbesichtegung, Papiertiger, Esch-Uelzecht, 1970.
- Die Dromedare: Stilleben für Johann den Blinden, Lëtzebuerg; Esch-Uelzecht. 1973.
- Stille Tage in Luxemburg: ein Drehbuch, Lëtzebuerg, 1975.
- Schrott, Déifferdang, 1978.
- Leerläufe mit Zeichnungen von Anna Recker, Esch-Uelzecht, 1978.
- Ikarus. Dreissig Ausflüge und ein Absturz. Lëtzebuerg, 1983.
- Rote Nelken für Herkul Grün, Iechternach, 1983.
- Mam Velo bei d'Gëlle Fra: Gedichter a Prosastécker, handgeschriwen a gezeechent vum Roger Manderscheid, Lëtzebuerg, 1986.
- Schacko Klak: Biller aus der Kandheet (1935-1945), Iechternach, 1988.
- Hannerwëtz mat Bireschnëtz / Lëtzebëtz, Esch/Sauer, 1991.
- De Papagei um Käschtebam: Zeenen aus der Nokrichszäit, Iechternach, 1991.
- Mein Name ist Nase: Geschichten aus dräi Joerzéngten, Iechternach, 1993.
- Zwee Gedichter: e Buch aus Eisen v. Jeannot Bewing, 1994.
- Feier a Flam: Geschichten aus de fofzeger Joren, Iechternach, 1995.
- Papier libre: Konschtbuch, d'Gedicht v. R.M. mat Zeechnunge vum Rico Sequeira, Lissabon, 1998.
- Summa summarum: Gedichter aus engem vergangene Joerhonnert, Iechternach, Ed. Phi., 2000.
- BUZZ-Kalenner fir Kanner 2001, Nouspelt, ultimomondo, 2000.
- schwarze engel. Geschichten, Nouspelt, ultimomondo, 2001.
- D'Magali flitt an den Himmel, Nouspelt, ultimomondo, 2001.
- Polaroid: instant texte, Esch-Uelzecht, Ed. Phi, 2002.
- Kasch - E genie verschwënnt an der Landschaft. roman fir de jeannot bewing, ultimomondo 2005.
- Der sechste Himmel ass dee vum Auteur iwwersate Feier a Flam, Gollenstein Verlag, 2006
Kuck och: Bibliographie BNL [1]
Filmer [änneren]
- Stille Tage in Luxemburg, (Dréibuch a Schauspiller) (TV) 1973
Auszeechnungen [änneren]
- 1990: Prix Batty Weber.
- 1992: Servais-Präis (Fir säi Roman Papagei um Käschtebam).
- 1995: Premier prix beim Concours littéraire national (Fir seng Erzielung Pflastersteine).
- 2005: Gustav-Regler-Preis vun der Kreisstadt Merzig fir säi Gesamtwierk
Literatur [änneren]
- Frank Wilhelm, <<houreschräiss schlot se freckt>> - Hommage à Roger Manderscheid (1933-2010), écrivain, dessinateur, outrancier et juste ; in: forum , Nr. 299 (September 2010), Ss. 43-45 (ill.).
- Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Editions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 59-90
- Goetzinger, Germaine, 2007. Manderscheid, Roger. in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. Online-Versioun. Stand: 21. November 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/260/1260/DEU/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012].
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Roger Manderscheid – Biller, Videoen oder Audiodateien |